Adolphe Delvaux

lëtzebuergesche Missionär

Den Adolphe Delvaux, gebuer den 12. Februar 1877 zu Wäiswampech a gestuerwen de 4. Abrëll 1960 zu Huế am Vietnam war e lëtzebuergesche Missionnaire. Säi Papp war den Notär an Deputéierte Valentin Delvaux. Säi Brudder war den Dokter François Delvaux.

Adolphe Delvaux
Gebuer 12. Februar 1877
Wäiswampech
Gestuerwen 4. Abrëll 1960
Hué
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Missionnaire, kathoulesche Priister

Liewen änneren

No senger Première 1898 am Kolléisch ass hien zu Paräis an d'Missions étrangères agetrueden a gouf 1902 zum Priister geweit. En halleft Joer méi spéit gouf hien a Franséisch Indochina geschéckt, wou hie säi ganz Liewe verbruecht huet. Just 1913 an 1927 koum hie fir e puer Méint zeréck op Lëtzebuerg.

Hien huet reegelméisseg Bréiwer un d'Famill zu Lëtzebuerg geschriwwen an och chrëschtlech Schrëften op Vietnameesech iwwersat.

An den 1950er Jore wärend dem Krich an Indochina tëschent Nord- a Südvietnam hu vill Lëtzebuerger Paren de Pater Delvaux finanziell ënnerstëtzt fir de vietnameesesche Flüchtlingen ze hëllefen.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

Am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht war vum 8. Abrëll bis de 6. November 2022 eng Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg ze gesinn.