Beeler

Uertschaft an der Gemeng Wäiswampech

Beeler ass eng Uertschaft an der Gemeng Wäiswampech.

Beeler
Vue vun Osten op Beeler (2008).
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Beiler
de: Beiler
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wäiswampech
Buergermeeschter Claude Daman
Awunner 153
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Héicht 508 m
Koordinaten 50° 09’ 48’’ N
      06° 05’ 18’’ O
Al Trakteren um Floumaart zu Beeler.

Geographie änneren

Beeler läit am Norde vum Lëtzebuerger Land an ass eng Grenzuertschaft mat der Belsch. Seng Gewan grenzt am Westen an am Norden un déi belsch Uertschafte Malscheid a Lascheid. Ëstlech läit Leetem an am Süde Wäiswampech.

Den héchste Punkt vu Beeler ass um Béchel op 508 Meter wou och de Waasserbaseng steet, a seng déifst Plaz ass bei der Gossemaark LBN 63 op 395 Meter. Bei dëser Maark leeft och d'Rillerbaach an d'Belsch eriwwer, eng Niewebaach vun der Feederbaach, déi bei Stubach an d'Our leeft.

Eng Niewebaach vun der Rillerbaach, déi no bei der Grenzmaark LBN 64 entspréngt, mécht d'Grenz mat der Belsch bis zum Zesummefloss mat Rillerbaach, a vun do un als Rillerbaach bis bei d'Mark LBN 63 wou se dann an d'Belsch lafen.

D'Schibech mécht d'Grenz mat der Gewan vu Wäiswampech, an d'Niddelburen maachen op enger Längt vu 700 Meter d'Grenz mat Leetem.

Soss Interessantes änneren

Beeler ass bekannt wéinst sengem Floumaart am Mee, op deem Artisten a Sammler sech gesinn, besonnesch Amateure vun alen Trakteren.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Beeler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren