Lancaster Memorial zu Wäiswampech

Memorial am Éislek als Erënnerung u 14 alliéiert Zaldoten

De Lancaster Memorial ass e Memorial am Éislek dat 60 Joer nom Zweete Weltkrich opgeriicht gouf als Erënnerung u 14 alliéiert Zaldoten, vun deenen der 13 op där Plaz hiert Liewe gelooss hunn, an een a Krichsgefaangeschaft koum. An der Nuecht vum 12. op den 13. August 1944 waren hir Fligeren, zwéi Lancaster Bomberen, erofgeschoss ginn.

Lancaster Memorial zu Wäiswampech
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wäiswampech
Koordinaten 50°8'29,24"N, 6°6'46,98"O
Zu Éiere vun Alliéiert am Zweete Weltkrich
Blumme virum Memorial

De Memorial steet zu Wäiswampech um Flouer Landsknäppchen lénks nieft dem Urenerwee de vu Wäiswampech op Ouren féiert, just op der belsch-lëtzebuergescher Grenz eng 10 Meter virun der Grenzmaark LB55.

E besteet aus stiliséierte Flilleken, a steet op dräi stole Stäiler, déi déi dräi Natioune vun de gefalenen Zaldote sollen duerstellen, an zwar England, Kanada an Neiséiland.

Déi Doudeg aus den zwéi Fligere goufen um Zaldotekierfecht vun Hotton begruewen.

A bal all Lëtzeburger Duarref steet su ent Zeeche fiir eis Jungen, di an där preisischer Uniform gäänt hirre Wëllen an de Kréich jungen an net mit heem kummen. Oo aan di Amerikaner, di hei gefall sënn, hann di Wemper Léckt gedait an hinnen ee Steen opgeriit mat hirren Namen. Extrait aus engem Text vum Comite Lancaster Memorial

Fligeren a Besatzung
61. Geschwader
Devise: Per purum tonantes
Avro I
ME 596 QR-H
75. Geschwader
Devise: Ake ake kia kaha (Maori)
Avro I
HK 564 AA-P
Taylor G.M. RCAF Mulcahy C.D. RNZAF
Burnside J.K. RAF Parker R.R. RAF
Nevin A.F. RCAF Hazard W.F. RNZAF
Meek J. RCAF POW Thomson E.L. RNZAF
Adair S. RAF Elvin W. RNZAF
Goulding W. RAF Jonston H.D. RNZAF
Scrimshaw C.C. RAF Wright J.H. RNZAF

Kuckt och änneren

  • Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf

Um Spaweck änneren


  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.