Maulesmillen
Lieu-dit an de Gemenge Wëntger a Wäiswampech
D'Maulesmillen (lokal: Maulusmillen[1]) ass e Lieu-dit an der Gemeng Wëntger, deen aus engem fréiere Café, engem Camping, enger fréierer Millen an enger fréierer CFL-Halt besteet. Een Haus, déi eigentlech Millen déi nërdlech vun der Wolz läit, gehéiert zu der Gemeng Wäiswampech.
Maulesmillen Maulusmillen | |
---|---|
Déi fréier Millen | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Maulusmühle de: Maulusmühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng |
Wëntger Wäiswampech |
Buergermeeschter |
Claude Daman |
Awunner | 15 |
06.02.2008 | |
Koordinaten |
50° 05’ 41’’ N 06° 01’ 31’’ O |
Ausser datt d'Uertschaft an zwou Gemenge läit gehéiert se an der Gemeng Wëntger zu zwou verschiddene Kadastersektiounen, an zwar zu de Sektioune Saassel a Boxer[2].
Virun der Gemengefusioun vum 1. Januar 1977 huet d'Uertschaft zu der fréierer Gemeng Aasselbuer gehéiert.
Geographie
ännerenD'Maulesmille läit am Wolzdall um Zesummelaf vun der Wemperbaach op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen am Dräieck Rossmillen, Saassel a Klierf. Se läit och op der Kräizung vum CR373 mam CR335.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Maulesmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ Memorial 43 vun 1890