De Jean-Pierre Toutsch, gebuer den 28. Januar 1811 zu Wäiswampech[1] a gestuerwen den 30. Juni 1887 an der Stad Lëtzebuerg am Alter vu 76 Joer, war e lëtzebuergesche Magistrat a Politiker.[2]

Jean-Pierre Toutsch
Gebuer 28. Januar 1811
Wäiswampech
Gestuerwen 30. Juni 1887
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot

Den 19. Februar 1840 krut de Jean-Pierre Toutsch seng Nominatioun als Riichter vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg[3]. De 24. Juli 1848 ass hie Riichter um Bezierksgeriicht zu Dikrech genannt ginn[4].

De 17. November 1858 gouf hien a senger Qualitéit als Deputéierte vum Kanton Klierf fir d'Sëtzungsjoer 1858 President vun der 'Assemblée des Etats'[5].

Den 22. Juli 1885 krut de Jean-Pierre Toutsch seng Nominatioun als Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg[6] an hien ass dat bis zu sengem Doud bliwwen[7].

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. P. Faber, Grevenmacher, S. 91.
  2. Ukënnegung vum Doud vum Jean-Pierre Toutsch am Luxemburger Wort vum 2. Juli 1887 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-10-05.
  3. Memorial N°11 vun 1840 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-10-05.
  4. Memorial N°58 vun 1848 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-10-05.
  5. Memorial N°29 vun 1858
  6. Memorial N°46 vun 1885
  7. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2015-10-05.
  8. Memorial N°66 vun 1879