Tanktourismus

Tanken an engem Nopeschland

Vun Tanktourismus schwätzt een, wann eng bemierkbar Zuel vu Leit mam Auto vun engem Land an en anert fiert, just, fir do ze tanken, an dat op Grond vu relevanten Ënnerscheeder am Präis vu Bensinn oder Diesel.

Bensinnsstatioune laanscht déi däitsch Grenz zu Waasserbëlleg

Zu Lëtzebuerg änneren

Well d'Akzisen um Brennes fir motorbedriwwe Gefierer méi niddereg si wéi a sengen Nopeschlänner, spillt zu Lëtzebuerg den Tanktourismus eng net onerhieflech Roll an der Ekonomie.


75% vun den Zäregas-Emissiounen, déi aus dem Verkaf vu Brennes, geméiss dem Kyoto-Protokoll, Lëtzebuerg zougerechent ginn, sinn dem Tanktourismus an dem Transit-Verkéier zouzerechnen. An anere Wierder: Nëmmen ee Véirel vum Bensinn an Diesel, deen zu Lëtzebuerg getankt gëtt, gëtt och do verfuer. Dat si 40% vum Emissiounsbilan vum Land.[1]

Schonns 2005 huet d'Chamber an enger Motioun no enger Etude gefrot, déi déi ekologesch, steierlech an ekonomesch Käschte vum Tanktourismus zu Lëtzebuerg evaluéiere sollt. Eréischt 2014 gouf den Dr. Dieter Ewringmann vum Finanzwissenschaftliches Forschungsinstitut an der Universität Köln mat esou enger Etude chargéiert, déi am November 2016 publizéiert gouf.[2] D'Etude koum zur Konklusioun, dass d'Käschten, déi duerch den Tanktourismus entstinn – Zäregasen, Loftverknaschtung, Stëbs, Kaméidi, Schied un Natur a Landschaft –, däitlech méi héich wiere wéi d'Recetten, déi de Staat iwwer Steieren an Akzisen erakréich. (Fir 2012 stoungen den evaluéierte Käschte vun 3,5 Milliarden Euro Recettë vu just 2,1 Milliarden Euro géintiwwer).[3]

Am Juni 2022, bis viraussiichtlech de September 2022, ass eng éischt Kéier eng Situatioun agetratt, datt de Bensin an Däitschland méi bëlleg war, wéi zu Lëtzebuerg. Prompt war zu Lëtzebuerg an den Tankstellen no bei der Grenz manner Betrib, iwwerdeems verschidden Autofuerer aus Lëtzebuerg an dat däitscht Grenzgebitt tanke gefuer sinn.[4]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Umweltministerium Luxemburg: Nationaler Allokationsplan 2008 - 2012 für Luxemburg, Seite 17f.
  2. "Présentation de l'étude 'Ermittlung und Bewertung der positiven und negativen Wirkungen des Treibstoffverkaufs unter besonderer Berücksichtigung negativer externer Umwelt-und Gesundheitseffekte – Status quo 2012 und maßnahmeninduzierte Veränderungen'." Slideshow vum Ministère fir Nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, 25. November 2016.
  3. "Tanktourismus: Volltanken, bitte!" wort.lu, 25. November 2017 um 07:30.
  4. "Le toursime à la pompe s'inverse: Les Allemands ne font plus le plein au Luxembourg." 5minutes.rtl.lu, 08.06.2022.