Musée rural zu Bënzelt

(Virugeleet vu(n) A Schiewesch)

De Musée rural "A Schiewesch" zu Bënzelt ass e Musée fir landwirtschaftlech Material, Aarbechtsmethoden a ländlech Liewenskultur. E steet zu Bënzelt op der Kräizung vum CR337 an CR338 a gëtt vum Syndicat d'intérêts et du tourisme Binsfeld-Holler-Breidfeld bedriwwen. D'Gebai war fréier e Schéiferhaus vu wou den Numm "A Schiewesch" hierkënnt.

De Musée vun der Ëlwenterstrooss aus gesinn (2014)
De Musée vun der Duarrefstrooss aus gesinn (2012)

Geschicht vum GebaiÄnneren

Den ursprénglechen Deel vum Gebai aus dem 15. Joerhonnert war eng Scheier mat engem drënnergebaute Schofstall, déi deemools "Schiefricht" genannt gouf. Den Uertsdeel gouf dofir och "Op der Schiefricht" genannt.

Ëm 1600 huet d'Scheier engem Clees gehéiert dee vun Hëpperdang gestaamt huet an am Haus géigeniwwer gewunnt huet.

1725 koum d'Schiefricht duerch bridderlech Ierfdeelung an de Besëtz vum Jean Toussaint, deen dunn och d'Charge vum Duerfschéifer iwwerholl huet wouduerch den Hausnumm "A Schiewesch" entstan ass. Hien huet duerno och e Giewelhaus un d'Scheier ugebaut.

D'Gebai ass iwwer eelef Generatiounen an der selwechter Famill bliwwen a gouf weider ausgebaut.

1910 krut d'Giewelhaus duerch den Ubau vun zwee Zëmmeren an enger neier Hausdier eng nei Stroossefront.

1950 goufen d'Ställ vergréissert an op der Récksäit nei Wirtschaftsgebaier ugebaut.

1960 huet déi eeleft Generatioun d'Haus verlooss. D'Wunnhaus gouf nach eng Zäit laang als bëlleg Wunnecht fir Gaaschtaarbechter benotzt, et ass awer ëmmer méi verfall an d'Gemeng wollt e ofrappen an eng Parkplaz do ariichten.

1982 huet den Interesseveräin d'Gebaier kaaft fir dora säi landwirtschaftleche Musée anzeriichten. D'Restauréierung an d'Ariichte vum Musée huet 6 Joer gedauert.

De 7. Juli 1989 gouf d'Gebai op der Lëscht vum inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter klasséiert.[1]

Ausstellung vum MuséeÄnneren

An den 18 Raim vum Musée gëtt d'ländlecht Liewen aus de leschten 3 Joerhonnerte gewisen. All Raum huet seng fréier Bestëmmung zréckkritt. An der Haaptsaison ginn och Aarbechtsgäng wéi Spannen, Wiewen oder Bake virgefouert.

LiteraturÄnneren

  • Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3 (De musée rual vu Bënzelt: S. 124)

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Musée rural zu Bënzelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 6. Mee 2022).