Klimapakt

lëtzebuergesch Zertifikatioun fir d'Gemengen fir eng nohalteg Energie- a Klimaschutzpolitik
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Klimapakt (offiziell „Pacte Climat“) gouf mam Gesetz vum 13. September 2012[1] geschaaft an ass eng lëtzebuergesch Zertifikatioun fir d'Gemengen, déi sech fir eng nohalteg Energie- a Klimaschutzpolitik engagéieren. Andeems eng Gemeng de Klimapakt mam Lëtzebuerger Staat ënnerschreift, engagéiert se sech den europäesche Qualitéitsmanagement- an Zertifikatiounssystem European Energy Award (EEA) an e System vun enger energeetescher Comptabilitéit ëmzesetzen. De Staat garantéiert sengersäits der Gemeng eng finanziell an technesch Hëllef.

Déi technesch Hëllef, den Encadrement vun de kommunale Beroder an d'Attributioun vun de Subside gëtt vu myenergy assuréiert.

Op Basis vun am Ganzen 79 Moossname kann all Gemeng eng nohalteg Politik an enger Rëtsch Kategorien ëmsetzen:

  • Amenagement vum Territoire a Bauten;
  • Kommunal Gebaier an Anlagen (Energie, Waasser, Impakt op d'Klima);
  • Approvisionéierung a Sanéierung;
  • Mobilitéit;
  • Intern Organisatioun (Strukturen, Prozesser, Finanzen);
  • Kommunikatioun an Zesummenaarbecht.

Eng Zertifikatioun an dräi Deeler erméiglecht d'Ustrengunge vun de Gemengen ze bewäerten an zu belounen. Jee no der Zuel vun de Punkten déi erreecht kënne ginn, kritt d'Gemeng déi jeeweileg Zertifikatioun. D'Zertifizéierung begräift:

  • Kategorie 1: wann op d'mannst 40% vun de Punkten aus dem EEA-Moossnamekatalog realiséiert sinn;
  • Kategorie 2: wann op d'mannst 50% vun de Punkte realiséiert sinn;
  • Kategorie 3: wann op d'mannst 75% vun de Punkte realiséiert sinn.

All véier Joer muss en neien Audit duerchgefouert ginn.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 13 septembre 2012 portant création d'un pacte climat avec les communes. legilux.public.lu (20.09.2012). Gekuckt de(n) 22.07.2020.