Leetem
Leetem ass eng Uertschaft an der Gemeng Wäiswampech.
Leetem | |
---|---|
D'Kierch vu Leetem an engem Säitewee vum CR335 | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Leithum de: Leithum |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Wäiswampech |
Buergermeeschter | Claude Daman |
Awunner | 125[1] |
31.12.2020 | |
Koordinaten |
50° 09’ 37’’ N 06° 06’ 30’’ O |
Geographie änneren
Leetem läit am Norde vum Lëtzebuerger Land an ass eng Grenzuertschaft mat der Belsch. Seng Gewan grenzt am Osten an am Norde un déi belsch Uertschafte Lascheid, Oberhausen a Stoubach déi zur belscher Gemeng Burg-Reuland gehéieren. Westlech läit Beeler an am Südweste Wäiswampech.
Verkéiersubannung änneren
Wichtegst Stroosseverbindung ass den CR335, deen d'Duerf am Weste mat Beeler verbënnt an am Oste bis un d'belsch Grenz geet.
Ëffentlechen Transport änneren
Leetem gëtt vun der RGTR-Linn 175 ugefuer.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Leetem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ Habitants par localité. www.weiswampach.lu (31.12.202). Gekuckt de(n) 04.07.2021.