Tëtelbierg

Kopp a Lieu-dit an der Gemeng Péiteng
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kopp „Tëtelbierg“. Fir de kelteschen Oppidum, kuckt wgl. Kelteschen Oppidum um Tëtelbierg.

Den Tëtelbierg ass eng Kopp am Südweste vu Lëtzebuerg, an der Gemeng Péiteng, op der Grenz mat der Gemeng Déifferdeng.

Tëtelbierg
Land Lëtzebuerg
Kanton Péiteng
Héicht 396,6 m
Koordinaten 49°32'19,7"N, 5°51'33,8"O
Tëtelbierg (Lëtzebuerg)
Tëtelbierg
Tëtelbierg
Lag vum Tëtelbierg

Et ass den nordwestlechsten Ausleefer vun der Minettscuesta, dee ganz op Lëtzebuerger Terrain läit. Am Nordosten dovu läit de Prënzebierg, den absolut nërdlechsten Ausleefer vum Minettsplateau zu Lëtzebuerg.

An der Topographie gläicht den Tëtelbierg, dee ronn 50 ha um Plateau huet, enger grousser Raut, där hir Spëtz no Nordwesten an den Dall vun der Kuer weist. Déi héchst Plaz läit op knapp 397 m, an en ass duerch eng Zort Isthmus mat dem Rescht vum Plateau zur Déifferdenger Säit verbonnen. Op där Zong, déi um Plateau eng ronn 200 Meter breet ass, läit eng Butte, déi den Tëtelbierg no Südosten ofschléisst. Südëstlech dovu fält den Terrain dann op e Col mat 387 m, deen den Tëtelbierg vun de méi héije Koppen ëm Déifferdeng an Nidderkuer trennt.

Am Westen, Norden an Osten, leien ëm de Bierg géi Häng, op deenen hirem Fouss bis ongeféier an den hallwe Bierg, d'Entréeë vun den 21 Minière leien, déi ënner dem ganze Bierg verdeelt waren.

Den Tëtelbierg, vun deem aus ee plazeweis eng gutt Vue iwwer d'Guttland, bei guddem Wieder bis an d'Stad huet, ass haaptsächlech wéinst senger keltescher Vergaangenheet bekannt. Bei Ausgruewunge gouf e kelteschen Oppidum fräigeluecht.

Kuckeswäert ass och nach d'Muttergottes ouni Hänn op der Muttergottesknippchen.

Um Spaweck änneren

Commons: Tëtelbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien