Trauerbuch zu Suessem
D'Trauerbuch zu Suessem ass eng Trauerbuch (Fagus sylvatica f. pendula; (fr) Hêtre pleureur, (de) Hänge-Buche oder Trauer-Buche) déi zu Suessem an der Gemeng mam selwechten Numm steet. Wéinst hirem Alter an och der Plaz wou se steet, gehéiert se zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.
Trauerbuch zu Suessem | |
---|---|
D'Trauerbuch beim Suessemer Schlass | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Suessem |
Plaz | Schlass Suessem |
Koordinaten | 49°32'35,12"N, 5°55'34,46"O |
Bamaart | Trauerbuch |
Héicht | 11 m (2002) |
Duerchmiesser | 0,93 m (2002) |
Ëmfang | 2,92 m (2002) |
Lokalisatioun
ännerenDe Bam steet am Park lénks vun der Entrée vum Schlass, nieft der Mauer iwwer dem Waassergruef.
Entwécklung vum Bam
ännerenDen Usaz tëscht der Ënnerlag an der Kroun ass op enger Héicht vun 1,60 m z'erkennen. Well dëst och bei der bemierkenswäerter Trauerbuch am Park zu Boufer de Fall ass, kann dëst drop hiweisen, datt béid Beem aus der selwechter Bamschoul koumen (Modert 1962). An deem Fall si béid Beem ronn 170 Joer al(Stand:2023) (de Park zu Boufer gouf em d'Mëtt vum 19. Joerhonnert ugeluecht).
De Stamm vum Suessemer Bam huet iwwer dem Praffschnëtt en décke Burreli ausgebilt, wat drop zeréckzeféieren ass, datt d'Kroun méi séier gewuess ass wéi d'Ënnerlag. D'Äscht vun de Trauerbuchen wuessen am Allgemenge queesch a verdréit a verschidde Richtungen, wat och bei dësem Exemplar de Fall ass.
D'Bamkroun gouf sou zougeschnidden, datt hir Äscht, bis op een, entweeder parallel zur Gruefmauer oder awer a Richtung Park gewuess sinn. Och goufen d'Haaptäscht an de leschte Joerzéngten e puermol staark zeréckgeschnidden.
2008 hat de Bam dräi Haaptäscht, wouvun ee mat enger kuerzer Stäip op der Mauer geséchert gouf. Ee vun de Säitenäscht reecht déif an de Gruef erof, riicht sech dann no uewen, fir sech op d'Mauer opzeleeën, vu wou aus e weider a Richtung Park gewuess ass. Een Niewenaascht ass an de Buedem era gewuess, fir sech duerno erëm no uewen ze riichten; hie bilt sou eng natierlech Stäip fir de Bam.
Joer | [1] | ||
---|---|---|---|
1958 | 2,32 | 0,74 | |
1980 | 2,70 | 0,86 | 16,00 |
2000 | 2,92 | 0,93 | 11,00 |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
D'Ofhuele vun der Bamgréisst ass mam Zeréckschneide vun den Haaptäscht z'erklären.
Kuckt och
änneren- Aner bemierkenswäert Beem beim Schlass zu Suessem:
- Lann nieft dem Schlassgruef
- dräi al Beem am Park: eng Eech, eng Buch an eng Esch.
- Trauerbuch zu Boufer beim Altersheem
- Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Biller
änneren-
Fréijoer ()
-
Summer (2008)
-
Hierscht ()
-
Wanter (2008)
Quellen a Literatur
änneren- Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0
- Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4 (cf. S. 76-77, Foto an Text)
- Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print. (cf. S. 64-65, Foto an Text)
- Paul Modert, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Editeur a vun der Dréckerei. (cf. S. 31, Bild 21).
Um Spaweck
ännerenCommons: Trauerbuch zu Suessem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ op Broschthéicht gemooss