Aessen

Lieu-dit a Lëtzebuerg
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Aessen oder An den Aessen ass e Lieu-dit an der Sektioun Zolwer vun der Gemeng Suessem.

Aessen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Aessen
de: Aessen
Land Lëtzebuerg
Kanton Suessem
Gemeng Suessem
Buergermeeschter Simone Asselborn-Bintz (LSAP)
Koordinaten 49° 31’ 55,2’’ N
      5° 56’ 35,5’’ O

D'Aesse leie praktesch op der Kräizung vum CR110 mam CR178.

Bis an den Ufank vun den 1980er Jore gouf et do just e Grapp voll Haiser, dovun eng Wiertschaft an eng Bensinnsstatioun. Déi leschtgenannt ass an der Tëschenzäit verschwonnen an op der Plaz souwéi op Terrainen hannendrun huet sech eng kleng Industriezon breetgemaach. An Direktioun Zolwer gouf och op béide Säite vun der Strooss gebaut grad sou an Direktioun Suessem wou sech op der rietser Säit d'Famaplast an eng Reitschoul installéiert hunn.