Charles Auguste de Tornaco
lëtzebuergesche Politiker
De Baron Charles Auguste de Tornaco de Vervoz gebuer[1] den 12. Dezember 1763 um Schlass vu Vervoz, bei Clavier an och do gestuerwen den 10. Dezember 1837, war e lëtzebuergeschen Industriellen, a Politiker.
Charles Auguste de Tornaco | |
---|---|
Gebuer |
12. Dezember 1763 Vervoz |
Gestuerwen |
10. Dezember 1837 Vervoz |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Industriellen |
Famill | |
Kanner | Victor de Tornaco, Camille de Tornaco |
![]() |
Hie war Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg vum 5. Abrëll 1811 bis de am Juni 1814.
Vun 1818 bis 1827 war hie Buergermeeschter zu Suessem wou d'Famill de Tornaco déizäit d'Hären um Schlass waren.
De Charles Auguste hat sech den 11. November 1800 zu Berloz mat der Elisabeth de Berlo-Suys (1775-1856) bestuet. D'Koppel hat dräi Kanner:
- Sidonie de Tornaco (1804-1876).
- Victor de Tornaco, lëtzebuergesche Staatsminister.
- Mathilde de Tornaco (1813-1885), bestuet den 21. Mee 1840 mam Florent de Berlaymont.
Referenzen Änneren
Virgänger: Jean-Baptiste Servais |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1811 - 1814 |
Nofollger: Bonaventure Dutreux-Boch |