Lann zu Suessem
Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg
D'Lann zu Suessem steet nieft der Mauer vum Suessemer Schlass, an der Verlängerung vun der Strooss déi vu Suessem bei d'Schlass féiert.


Aus de Quelle geet net ervir ob et eng Wanter- oder Summerlann ass. Den Alter vum Bam gëtt op ronn 500 Joer geschat.
Den Ëmfank vum Stamm, op Broschthéicht gemooss, huet follgendermoossen zougeholl:
Interessantes änneren
- Schonn an engem Dokument vu 1630, am Zesummenhank mat der Belagerung vum Schlass, gëtt dëse Bam als „déi grouss Lann“ ernimmt.
- D'Suessemer Lann ass no der Wëller Lann vu Kënzeg (vun där allerdéngs no engem Stuerm am Joer 2006 nëmme méi de Stamm iwwereg bliwwen ass) an der bemierkenswäerter Lann zu Pëtschent, déi drëttdéckste Lann zu Lëtzebuerg.
Quellen änneren
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 76-77, Text a Foto).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 101 a S. 161, keen Text a keng Foto).
- Faber, E., 1918. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild. Dréckerei François Faber, Miersch.