René Federspiel

lëtzebuergesche Politiker

De René Federspiel, gebuer den 11. Januar 1929 zu Klengbetten, a gestuerwen den 21. Juni 2016 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e lëtzebuergesche Politiker.

René Federspiel
Gebuer 11. Januar 1929
Klengbetten
Gestuerwen 21. Juni 2016
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De René Federpiel, deen zënter 1951 Member vun der DP war, war vun 1958[2] bis 1993 Member vum Gemengerot vun der Gemeng Mamer. 1971 gouf hie Schäffen, a vun 1976 bis 1981 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer.[3]

De René Federpiel war President vun der Jeunesse démocratique vun 1955 bis 1956.[4]

De René Federpiel war ganz aktiv am Veräinsliewen. Op seng Initiativ geet ë. a. d'Grënnung vum Syndicat d'initiative et du tourisme vu Mamer a vun den Amis de l'Autriche zeréck. Fir säin Asaz fir d'Verstännegung tëscht Lëtzebuerg an Éisträich ass hie mam Großen Verdienstorden der Republik Österreich ausgezeechent ginn.[3]

Gielercher änneren

  •   Großes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[5].

Literatur änneren

  • Karger, C., 2016. “Äddi, léiwe Frënd René”: Zum Tode von René Federspiel, Ehrenbürgermeister von Mamer und rastloser Vereinsmensch. Lëtzebuerger Journal 2016-06-28, Nr. 249, S. 19.
  • r.s., 2016. René Federspiel ist verstorben. Tageblatt 2016-06-27, Nr. 148, S. 47.

Referenzen änneren

  1. Karger 2016. Doudesannonce: Tageblatt 2016-06-27, Nr. 148, S. 51; Luxemburger Wort 2016-06-27, Nr. 148, S. 47; Lëtzebuerger Journal 2016-06-28, Nr. 149, S. 19.
  2. Doudesannonce vun der Gemeng Mamer, Lëtzebuerger Journal 2016-06-28, Nr. 149, S. 19; beim C. Karger steet, hie wier 1956 an de Gemengerot komm.
  3. 3,0 3,1 Karger 2016.
  4. Geschicht vun der JDL.
  5. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten