mamer velo ass den Numm vun engem Déngscht, deen d'Gemeng Mamer vum 15. Mee 2007 hire Bierger gratis zur Verfügung stellt.

"mamer velo"-Logo

D'Gemeng huet an enger éischter Phas 30 Vëloen ugeschaaft, déi op fënnef Plazen an der Gemeng verdeelt stinn. Zwou zu Mamer an zu Capellen an eng zu Holzem. Fir eng Kautioun vun 30 Euro kritt den Interesséierten an der Mamer Mediathéik am Gebai vun der Gare Mamer e Benotzerschlëssel, mat Hëllef vun deem en da banne 24 Stonnen um Terrain vun der Gemeng sech ka weiderbeweegen op eng Manéier, déi d'Ëmwelt schount.
Fir un e Benotzerschlëssel ze komme muss ee säin Numm a seng Adress uginn. Mannerjäreg musse vun engem Erwuessene begleet sinn, dee fir si responsabel ass.

De "mamer velo"-Parking bei der Mamer Gare

D'Iddi, fir Vëloen ze "verléinen", gouf schonn zu Esch-Uelzecht ëmgesat. Do war et awer net reglementéiert, an no kuerzer Zäit waren net méi vill Vëloen erëmzefannen.

Et sief op d'Schreifweis higewisen, déi weeder der franséischer nach der lëtzebuergescher entsprécht.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: mamer velo – Biller, Videoen oder Audiodateien