FC Mamer 32
FC Mamer 32
Offiziellen Numm: Football Club Mamer 32
Veräinsfaarwen: Rout-Wäiss
Grënnung: 1932
Stadion: Stade Francois Trausch,
Mamer
Plazen: 1 750
President: Guy Dauphin
Trainer: Patrick Biergen
Liga: Éierepromotioun
Saison: 2022/23
Positioun: 7. Plaz
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Mamer 32 (F.C. Mamer 32) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vu Mamer. De Veräi gouf 1932 als Jeunesse Mamer gegrënnt. Den Numm gouf awer schonn d'Joer drop, 1933, op deen haitege geännert.

Mamer huet nieft de Seniorsekippe vun de Männer och eng Fraenekipp.

Chronologeschen Iwwerbléck änneren

  • 1932: Den FC Mamer 32 gëtt gegrënnt
  • 1956: Avancement an d'Promotioun, déi zweethéchst Spillklass zu där Zäit
  • 1967: Grënnung vum Supporterclub 67
  • 1968: Champion an der 3. Divisioun an Avancement an 2. Divisioun
  • 1971: Champion an der 2. Divisioun an Avancement an 1. Divisioun ënner dem Spillertrainer Roland Christen. Erreeche vun der Siechzéngtelsfinall vun der Coupe de Luxembourg géint de Lëtzebuerger Rekordmeeschter Jeunesse Esch.
  • 1976: Aweiung vum neien Terrain mat engem Galamatch tëscht dem Bundesligist FC Saarbrécken an der Red Boys Déifferdeng. Den Terrain gouf méi spéit op den Numm Stade Francois Trausch, Grënnungsmember a fréiere Buergermeeschter, gedeeft.
  • 1977: Champion an der 2. Divisioun an Avancement an 1. Divisioun, wou se sech dräi Joer hale konnten.
  • 1982: Fofzegjäregt Bestoe mat Fändelswei. Ofstig an 3. Divisioun
  • 1983: Erëm an 2. Divisioun geklommen.
  • 1986: Grënnung vun enger Veteranenekipp
  • 1987: Definitiv Grënnung vun enger Jugendkommissioun
  • 1992: Avancement an 1. Divisioun wou d'Ekipp sech etabléiere konnt
  • 1994: Aweiung vun der neier gedeckter Tribün
  • 1995: Trophée Fair-Play vun der 1. Divisioun
  • 1998: Grënnung vun der Dammenekipp
  • 2000: Champion an der 1. Divisioun an éischten Avancement an d'Éierepromotioun, aus där de Veräin no där Saison erëm gefall ass.
  • 2002: Trophée Fair-Play vun der 1. Divisioun
  • 2004: Aweiung vum neie syntheeteschen zweete Foussballsterrain, deen op den Numm Georges Schumann gedeeft gouf
  • 2005: Champion an der 1. Divisioun an zweeten Avancement an d'Éierepromotioun
  • 2005: 1. Titel an der Veräinsgeschicht - D'Dammenekipp vum F.C. Mamer 32 gewënnt d'Coupe de Luxembourg
  • 2006: Duerch e 4:3 beim Eelefmeterschéisse géint Rëmeleng zu Schëffleng virun 1 000 Spectateure. Den FC Mamer spillt 2007 an der Nationaldivisioun. D'Dammenekipp mécht den Doublé (Champion a Coupe)
  • 2007: D'éischt Seniorsekipp fält nees an d'Éierepromotioun; zweeten Doublé fir d'Dammen

 
Den Terrain vum F.C. Mamer 32

Dammenekipp änneren

 
Tribün vum F.C. Mamer

D'Dammenekipp vu Mamer ass 2007 ouni Punktverloscht Champion ginn an huet anengems nach -scho fir drëtt Joer hannereneen- d'Coupe gewonnen.

Nationale Palmarès änneren

Lëtzebuerger Championnat:

  • Champion (2x): 2006, 2007

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (3x): 2005, 2006, 2007

Um Spaweck änneren

(fr) Websäit vun der Dammenekipp vum FC Mamer 32

  Veräiner an der Foussball Éierepromotioun 2019/20   
Jeunesse Kanech | US Esch | FC RM Hamm Benfica | Swift Hesper | FC Jeunesse Jonglënster | UN Käerjeng 97 | FC Mamer 32 | FC Blo-Wäiss Miedernach  | Union Mäertert-Waasserbëlleg | US Rëmeleng | FC Monnerech | FC Alisontia Steesel | Yellow Boys Weiler zum Tuer | FC Wolz 71