Luc Feller

lëtzebuergesche Jurist an Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Luc Marie Norbert Feller[1], gebuer de 5. August 1974 zu Lëtzebuerg[2], ass e lëtzebuergesche Jurist[3] an CSV-Politiker. Hien ass zanter dem 8. Dezember 2023 Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer[4].

Luc Feller
Gebuer 5. August 1974
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

Karriär änneren

De Luc Feller war zënter … Éischte Regierungsrot am Staatsministère bis en den 28. Oktober 2016 Haut-Commissaire à la protection nationale genannt gouf[5]. An där Funktioun war hien och zënter 2019 – als Vertrieder vum Staat – Member am nationale Sécherheetskommitee vun der ziviller Loftfaart[6][7] a vun 2021 un och Member am Conseil supérieur de la sécurité civile[8].

An de Koalitiounsverhandlungen no de Chamberwalen 2023 war de Luc Feller Assistent vum Formateur Luc Frieden.

De 15. Januar 2024 huet hie seng Plaz als Haut-Commissaire opginn an ass als Éischte Regierungsrot an de Finanzministère bei de Gilles Roth gewiesselt[9][10].

Politesch Karriär änneren

Bei de Gemengewalen 2005, 2011 an 2017 ass de Luc Feller zu Mamer an de Gemengerot gewielt ginn[11][12][13]. Den 22. Januar 2021 ass hien als Schäffe vereedegt ginn[14]. Bei de Walen 2023 ass hien erëmgewielt ginn[15] a koum direkt an de Schäfferot.

Am November 2023 ass de Luc Feller Buergermeeschter ginn, als Nofollger vum Gilles Roth, dee Finanzminister an der Regierung Frieden-Bettel gouf.

Gielercher änneren


Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations. data.legilux.public.lu (25.05.2023). Gekuckt de(n) 23.02.2024.
  2. (lb)(Den Alter war 2023 mat 48 Joer uginn), CSV - Mamer: D'Ekipp ëm de Buergermeeschter Gilles Roth steet fest. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-23.
  3. (lb)RTL-Informatiounen: Luc Feller als Successeur vum Laurent Zeimet am Staatsrot. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-23.
  4. (fr)Assermentation des bourgmestres et d'échevins des communes de Mamer et de Schieren. maint.gouvernement.lu (2023-08-12). Gekuckt de(n) 2024-02-23.
  5. (fr)Haut-Commissariat à la Protection nationale - Nomination. data.legilux.public.lu (28.10.2016). Gekuckt de(n) 23.02.2024.
  6. (fr)Arrêté ministériel du 8 novembre 2023 portant nomination des membres du comité national de sûreté de l’aviation civile. data.legilux.public.lu (08.11.2023). Gekuckt de(n) 23.02.2024.
  7. (fr)Arrêté ministériel du 29 avril 2019 portant nomination des membres du comité national de sûreté de l’aviation civile. data.legilux.public.lu (29.04.2019). Gekuckt de(n) 23.02.2024.
  8. (fr)Arrêté ministériel du 10 mars 2021 portant nomination des membres du Conseil supérieur de la sécurité civile. data.legilux.public.lu (10.03.2021). Gekuckt de(n) 23.02.2024.
  9. (lb)Wiessel an de Finanzministère: De Luc Feller verléisst säin ale Posten. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-23.
  10. (fr)Administration Gouvernementale - Nomination. data.legilux.public.lu (18.12.2023). Gekuckt de(n) 23.02.2024.
  11. (fr)Commune Mamer. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-23.
  12. (fr)Commune Mamer. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-23.
  13. (fr)Mamer. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-23.
  14. (lb)Inneministère: Vereedegung vun neie Schäffen a Buergermeeschter. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-23.
  15. (lb)Mamer: CSV, LSAP an DP gewannen, déi Gréng verléieren. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-23.