Mars Schmit

lëtzebuergesche Moler

De Mars Schmit, gebuer den 3. Dezember 1931, a gestuerwen de 14. Oktober 1990, war e lëtzebuergesche Moler.

Mars Schmit
Gebuer 3. Dezember 1931
Gestuerwen 14. Oktober 1990
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Konschtprofesser, Sproocheprofesser
Mars Schmit:Gronn an Uewerstad Lëtzebuerg

Hien huet besonnesch Aquarellen a Fiederzeechnunge gemoolt, vun iwwerall aus dem Lëtzebuerger Land, an dat nieft sengem Beruff, am Ufank Schoulmeeschter, a spéider Sproochen- a Konschtprofesser.

Ausstellunge vum Mars Schmit uechtert d'Welt änneren

Paräis, Roum, Grosseto, Salzburg, Bréissel, München, Frankfurt, Köln, Toronto, Des Moines, Minneapolis, Oxford a Middletown (Ohio), New York 927 Madison Avenue an am Rockefeller Center, Peking, Moskau (1989) an natierlech och zu Lëtzebuerg.

Hien huet 1964 als Auszeechnung ënner anerem d'Médaille d'Or vun der Academia Tiberina vu Roum kritt.

De Mars Schmit ass fréi an onerwaart am Alter vun nëmmen 59 Joer gestuerwen.

Publikatiounen änneren

De Mars Schmit huet vill Albume mat sengen eegene Biller an Zeechnungen an Eegeregie éditéiert, ënner anerem:

  • Si Luxembourg m'était dessiné.., Éditions Mars Schmit, 1983.
  • Il était une fois - nos châteaux forts..., Éditions Mars Schmit, 1984.
  • Nostalgie, Éditions Mars Schmit, 1984.
  • D'Uelzecht, Éditions Mars Schmit, 1985.
  • D'Sauer, Éditions Mars Schmit, 1986.
  • D'Musel, Éditions Mars Schmit, 1987.
  • Métamorphose-Luxembourg, 1988.
  • Ma Terre au fil des millénaires, 1989.
  • Charnière d'Europe, 1990. Éditions Schortgen

Literatur änneren

  • pl, 1990. Mars Schmit gestorben. Luxemburger Wort 1990 (15. Oktober), S. 4.

Kuckt och änneren