Den Henri Kirpach, gebuer den 2. Mäerz 1841 zu Mamer a gestuerwen de 25. Abrëll 1911 an der Stad Lëtzebuerg[1],[2], war e lëtzebuergeschen Affekot, Magistrat a Politiker.

Henri Kirpach
Gebuer 2. Mäerz 1841
Mamer
Gestuerwen 25. Abrëll 1911
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter
Famill
Geschwëster Théodore Kirpach

No sengem Studium zu Heidelberg a Paräis huet hie sech an der Stad als Affekot etabléiert.

1870 gouf hien eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt.

De 6. August 1878 gouf hien zum Generaldirekter (Minister) fir den Interieur an der Regierung de Blochausen ernannt. 1885 huet en dës Funktioun an der Regierung Eyschen bäibehalen, an där e bis 1910 Member war.

Säin Numm ass verbonne mam Schoulgesetz vum 20. Abrëll 1881. Den 1. Januar 1910 gouf den Henri Kirpach Member vum Staatsrot.

Fir un hien z'erënnere gouf zu Mamer eng Strooss Rue Henri Kirpach genannt.

Hie war de Brudder vum Théodore Kirpach.[3]

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce an der "Indépendance luxembourgeoise" vum 26. Abrëll 1911
  2. Luxemburger Lexikon Säit 212
  3. Kirpach op luxroots.com (gekuckt 2021-04-21).
  4. Lëscht vun de Leit déi 1894 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Archivéiert op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-07.