Kierch Mamer
D'Kierch zu Mamer ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Mamer gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vu Mamer | ||||
Uertschaft / Plaz | Mamer | |||
Par | Mamerdall Saint-Christophe | |||
Dekanat | Lëtzebuerg | |||
Numm / Patréiner | Hl. Johannes | |||
Konsekratioun | 1932 | |||
Architekt(en) | Fr. Eydt (1843) Jos. Jentgen (1931) | |||
Koordinaten | 49° 37’ 35.1’’ N 06° 01’ 21.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner ass den hellege Johannes, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.
Si steet op der Dippecher Strooss, dem CR102.
Geschicht
ännerenHir Urspréng gi bis an d'Mëttelalter zeréck an d'Par gouf eng éischt Kéier am Joer 983 ernimmt.
Et goufen am Ganze 6 Kierchen op där Plaz nogewisen an zwar:
- Éischt Kierch (983)
- Zweet Kierch (1541)
- Drëtt Kierch (1640)
- Véiert Kierch (1721-23)
- Fënneft Kierch (1844-45) gouf 1723 vum Tréierer Weibëschof Johann Matthias von Eyss konsekréiert[1]
- Sechst Kierch (1931-32)
1996-2002 gouf d'Kierch restauréiert.
Ariichtung
ännerenDe Priedegtstull
ännerenDe Priedegtstull staamt aus dem Joer 1733, an e gouf vum Nicolas Greeff (Jong) hiergestallt. De Priedegtstull ass fräischwiewend. Um Kuerf vum Priedegtstull fënnt een déi véier Evangelisten, de Markus mam Léiw, de Lukas mam Stéier, de Mathäus an de Johannes mam Aadler.Um sechseckege Baldachin schwieft an der Mëtt den Hl. Geescht a Form vun enger Dauf. Op den Ecke sinn Engelskäpp ze gesinn. Op der Réckwand vum Priedegtstull ass Christus ofgebilt als gudden Hiert. Ënner dem Bild vu Christus steet a gëllener Schrëft EGO SUM PASTOR BONUS.
D'Uergel
ännerenAm Joer 1890 krut d'Mamer Kierch hir éischten Uergel. Déi war gestëft ginn vun enger Elisabeth Rendel. Gebaut gouf d'Uergel vun der berüümter Uergelbaufirma Charles Wetzel vu Stroossbuerg, der Nofollgerfirma vun der Uergelbauerdynastie vun de Silbermann. Schonn déi Uergel hat en aussergewéinlech grousse Manualëmfank fir déi Zäit, an eng metalle mechanesch Traktur. 1932 gouf dës Uergel renovéiert an e Motor agebaut.
Déi aktuell Uergel vun der Mamer Kierch staamt aus den 1960er Joren. Nodeem d'Kierch 1960 renovéiert gi war, huet d'Lëntgener Uergelmanufaktur Haupt eng Offerte eragereecht fir e kompletten Neibau. Dat war no dem Doud vum Uergelbaumeeschter Georg Haupt, wou d'Fabrik vu senger Wittfra weidergefouert gouf, mä 1963 Faillite gemaach huet. Trotz diverse Bedenke gouf e Vertrag mat der nei gegrënnter "Fabrique d'orgues luxembourgeoise s.à.r.l. Lintgen ënnerschriwwen, déi ënner der technescher Leedung vum Lëtzebuerger Uergelbauer Nikki Loewen stoung. Den 10. Januar 1965 gouf d'Uergel, déi bis haut onverännert blouf, ageweit. Si huet 2 Manualer (Haaptwierk a Schwellwierk) an eng Pedall, déi néideg Koppelen, II/I - I/P - II/P, eng fräi Kombinatioun, 4 fest Kombinatioune P - MF - F an Tutti, en Tounschweller um II. Manual, an e Regësterschweller. D'Uergel funktionéiert mat enger elektrescher Traktur a mat "Kegelladen".
Mëtt September 2008 huet den Uergelbaumeeschter Th. Erz vu Wasserliesch domat ugefaangen, d'Uergel ze restauréieren. Dobäi geet et ëm:
- Ausbau vum komplette Päifewierk
- Regëstertralktur: Eretze vun den Apparaten duerch elektresch Magnéiter
- Ëmstelle vum Wandgebléis
- Nei Raster fir Trompett a Gemshar
- Nei elektresch Schaltung duerch e rengt elektrescht System, dat mat Hëllef vun engem elektronesch gesteierte Motor gedriwwe gëtt
- Abau vun enger neier elektrescher Steierung
Den Devis beleeft sech op 87.000 €.
Biller
änneren-
Vue op den Altor
-
Vue vum Altor aus
Literatur zum Theema
änneren- Langini, Alex: Die Kirche in Mamer: seit mehr als tausend Jahren, in: Die Warte. - Luxembourg. - Année 55(2003), n° 16 = n° 2036 (8. Mai), p. [3], ill.
- Thill, Norbert: Heimat und Mission. - Clairefontaine. - Jg. 78(2004), Nr. 1/2, p. 45-68, ill.
- Heimat und Mission. - Clairefontaine. - Jg. 78(2004), Nr. 3/4, p. 69-88, ill.
- Heimat und Mission. - Clairefontaine. - Jg. 77(2003), Nr. 9/10, p. 1-24, ill.
- Heimat und Mission. - Clairefontaine. - Jg. 77(2003), Nr. 11/12, p. 25-44, ill.
- Zenner, Roby: Die Pfarrkirche von Mamer, in: Letzeburger Sonndesblad. - Jg. 126(1993), Nr. 45, p. 24, ill.
- Salentiny, Joseph: Die Pfarrkirche in Mamer, in: 100e anniversaire / Chorale Sainte-Cécile Mamer. - Luxembourg, 1983. - P. 91-104, ill.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Eglise Saint-Jean-Baptiste Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Fënstere vun der Kierch vu Mamer op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kierch op der Websäit vum Parverband Mamerdall (de)
- ↑ Weihbischöfe in Luxemburg op cathol.lu Archivéiert de(n) 01.01.2022. Gekuckt de(n) 01.01.2022.