D'Nëmmeswiss[1] ass e Fiichtgebitt an der Gemeng Bartreng an zielt zum Natura 2000-Naturschutzgebitt „Grévelserhaff / Bouferterhaff“.

Vue op d'Nëmmeswiss

D'Nëmmeswiss läit nieft dem CR163, südlech vum Rond-point Gréiwelsser Barrière.

Geschicht änneren

D'Fiichtgebitt Nëmmeswiss war vu jee hir de suppegsten Deel vun engem Komplex vu Fiichtwisen, déi och haut nach laanscht d'Houlbaach an der Lonkecherstrooss leien. An der Mëtt vun den 1970er Joren gouf déi Supp op enger Fläch vun ongeféier 1,5 ha mat 13.000 m3 Offall aus dem Stroossebau zougetippt a sou komplett zerstéiert.

Fir d'Amphibien ze schützen huet d'Gemeng Bartreng 1999 am Kader vum europäesche LIFE-Nature-Projet en Drëttel vun der Fläch kaaft an huet domat den éischte Schratt gemaach fir e laangwieregen an deiere Renaturéierungsprojet un d'rullen ze bréngen.

Wéi 2004 déi éischt Phas vun den Renaturéierungsaarbechten ofgeschloss war, konnt d'Gemeng am Joer duerno och de Rescht vum Terrain kafen an en no an no bis 2009 weider sanéieren.

2010 gouf dunn en Zonk ronderëm d'Nëmemswiss opgestallt fir datt se fir eng Summerbeweedung konnt benotzt ginn. Zënterhier gëtt d'Gebitt duerch eng Beweedung mat Ranner an der Rei gehalen.

Hautdesdaags änneren

Scho kuerz no der Renaturéierung hu sech verschidde Biotoptyppen entwéckelt déi reegelméisseg ënnerschiddlech Vullenaarten op der Duerchreess unzéien. Ënnert hinne sinn z. B. de Bëschwaasserleefer (Tringa ochropus) an och Bréivulle wéi d'Weidemësch (Emberiza schoeniclus), de Suppejäizert (Acrocephalus palustris), de Klenge Jäizert (Acrocephalus scirpaceus), de Schwirrel (Locustella naevia) oder d'Waasserhéngchen (Gallinula chloropus).

Neierdéngs gesäit een awer och ëmmer méi dacks de Sëlwerreeër (Ardea alba), e Wandervull, dee soss éischter am Oste vun Europa doheem ass.

Biller änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nëmmeswiss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. op der topographescher Kaart vum Kadaster als Nemmeswiss bezeechent
  2. op der Websäit vu sicona.lu, fir d'lescht gekuckt de 27. Mee 2015