Frank Colabianchi

lëtzebuergesche Politiker
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Frank Colabianchi gebuer de 27. Oktober 1962 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (DP).

Frank Colabianchi
Gebuer 27. Oktober 1962
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Schoulmeeschter
Partei Demokratesch Partei
Wikidata-logo-without-paddings.svg

No senger Première huet hien zu Montpellier ee Joer Droit studéiert ier en du gewiesselt huet fir um ISERP eng Ausbildung als Schoulmeeschter ze maachen. Hien huet zanter 1984 am Enseignement geschafft a war vum 15. September 2010 bis ... Directeur adjoint vum Lycée classique de Diekirch[2].

Hie koum 1990 an de Gemengerot vu Bartreng, wou en no de Walen 1999 Schäffe gouf, an 2009 zum Buergermeeschter ernannt gouf.[3] Bei de Gemengewale vun 2011 an 2017 gouf hien an dëser Funktioun confirméiert. Am Januar 2022 huet hien ugekënnegt. op den 1. Mäerz dat Joer als Buergermeeschter opzehalen. D'Monique Smit-Thijs gëtt seng Nofollgerin.[4]

Den 1. Februar 2018 ass hie fir d'Anne Brasseur, déi op hiert Deputéiertemandat verzicht huet, als Nächstgewielte vun der DP-Lëscht am Bezierk Zentrum, an d'Chamber nogeréckelt[5]. No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 ass hien de 6. Dezember fir de Xavier Bettel, dee Premierminister gouf, 'nogeréckelt'.[6]

De Frank Colabianchi ass bestuet a Papp vun zwéi Jongen[3].

Um SpaweckÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Fiche signalétique op chd.lu, der Websäit vun der Chambre des Députés, gekuckt de 6. Juni 2018
  2. Les directeurs adjoints op lcd.lu, der Websäit vum Lycée classique de Diekirch, gekuckt den 23. Januar 2018
  3. 3,0 3,1 "Commune de Bertrange- Entretien avec Frank Colabianchi". Magazine Echo, 2011-3.
  4. "Bürgermeister Colabianchi legt sein Amt im März nieder." wort.lu, 12.01.2022.
  5. "Anne Brasseur zieht sich zurück." wort.lu, 16. Januar 2018 um 14:49.
  6. "Actualités" op chd.lu, 6.12.2018.