Paul Geimer

lëtzebuergesche Politiker

De Paul Geimer, gebuer den 10. Oktober 1946 an der Stad Lëtzebuerg, ass e pensionéierte lëtzebuergesche Sportsprofesser a fréiere Lokalpolitiker. Hien ass zu Bartreng opgewuess an ass och duerno do wunne bliwwen.

Paul Geimer
Gebuer 10. Oktober 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Lycéesprofesser, Basketballspiller
Famill
Geschwëster Gaby Geimer

Als Basketballspiller gouf hien an der Saison 1968/1969 mat der Sparta Bartreng Landesmeeschter.

An der Gemeng Bartreng ass hien 1982 als Conseiller an de Gemengerot komm. 1986 gouf hien do Schäffen an 2002 huet hien d'Nofolleg vum Niki Bettendorf als Buergermeeschter iwwerholl. Enn 2008 huet hie seng Demissioun ugekënnegt, déi den 1. Februar 2009 a Kraaft getrueden ass; säin Nofollger als Buergermeeschter gouf de Frank Colabianchi.

De Paul Geimer war mat der Sportsprofessesch Gaby Hirt (1942-2017) bestuet an ass de Papp vun zwee Kanner. Hien ass de Brudder vun der Biologin Gaby Geimer.

Gielercher änneren

Referenzen änneren

  1. Pressesäit vun der Regierung