Alexandre de Colnet d'Huart

lëtzebuergesche Politiker
(Virugeleet vu(n) Alexandre de Colnet)

De Jean François Léonard Alexandre de Colnet d'Huart, gebuer de 6. Juni 1821 zu Bartreng, an do gestuerwen den 12. Juni 1905, war e lëtzebuergesche Politiker.

Alexandre de Colnet d'Huart
Gebuer 6. Juni 1821
Bartreng
Gestuerwen 12. Juni 1905
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser
Famill
Bestuet mat Marguerite Elisabeth Didier
Kanner François de Colnet d'Huart

Hien ass gebuer als Alexandre de Colnet a gouf vum Victor-Thérèse-George de Chelaincourt an deem senger Fra Auguste-Elisabeth-Sophie Baronesse d'Huart adoptéiert. Vun hinnen huet hien d'Bartrenger Schlass geierft a krut d'Recht, den Numm "d'Huart" hanner säin Numm ze setzen. Och d'Adelsprivilegien huet hie sou geierft.[1]

Seng Etüden, mat Spezialisatioun a Physik a Mathematik, huet den Alexandre de Colnet d'Huart zu Léck an zu Paräis gemaach. Den 10. Abrëll 1843 ass hien als Fräiwëllegen an d'Artillerie-Batterie vum lëtzebuergesche Bundeskontingent agezu ginn.[2]

Seng Nominatiounen:[3]

  • Den 8. Februar 1847 gëtt hie Läitnant am lëtzebuergesche Bundeskontingent.
  • De 25. Abrëll 1851 gëtt hien am Iechternacher Progymnasium provisoresch als Professer agestallt.
  • Den 30. November 1852 krut en dee Posten definitiv.
  • De 7. Mee 1857 gouf e Professer am Stater Kolléisch.
  • Den 12. Juni 1866 gouf e Member vun der Assemblée des États fir de Kanton Lëtzebuerg-Land.
  • Vum 14. Dezember 1866 u war hie Generaldirekter vun de Finanzen, also Finanzminister, an de Regierungen de Tornaco a Servais, an dat bis den 30. September 1869.[4]
  • Vum 30. September 1869 bis de 27. Juni 1884 war den Alexandre de Colnet d'Huart Direkter vum Stater Kolléisch.

Ausserdeem war den Alexandre de Colnet d'Huart vum 7. Januar 1885 bis den 31. Dezember 1896 Buergermeeschter vu Bartreng.[5]

Den Alexandre de Colnet d'Huart, deen 1846 initiéiert gi war, huet zu de Grënner vun der "Loge St. Jean de l'Espérance", der Fräimaurerloge, déi den 11. Mäerz 1848 zu Iechternach an d'Liewe geruff ginn ass, gehéiert.[6]

Gielercher[7] änneren

Literatur änneren

  • Grechen, M., 1906. J.-F.-L. Alexandre de Colnet d'Huart. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 1, fasc. I/II, S. 1-57.
  • Massard, J. A. & G. Geimer, 1992. Les professeurs de sciences et leur oeuvre. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991), Luxembourg: 465-480 (A. de Colnet d'Huart: S. 466-467, mat ausféierleche Literaturhiwäiser).
  • Edouard Kayser, Les directeurs de l'Athénée (1817-2017) - Notices biographiques; in: De Kolléisch 2017 (2 Bänn); Lëtzebuerg (Kolléisch & Print Solutions), 2018; vgl. Band I/II, Ss. 64-97; fir den A. Colnet d'Huart, vgl. Ss. 70-72!

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Château de Colnet d'Huart
  2. Biographie vum Alexandre de Colnet d'Huart op der Websäit vum LGL Gearchiveerd op 2008-11-29. Gekuckt de(n) 2008-09-13.
  3. F. Heuertz (1922): Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). In: Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922, S. 8.
  4. G. Thewes (2006): Les Gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848. Luxembourg, Service Information et Presse, S. 29 a S. 35. [1]
  5. Bartréng. Union-Fanfare Bertrange 1910-1985. Bertrange 1985, S. 162.
  6. R.H. Lacaf: Saint Jean de l'Espérance: Histoire d'une Loge maçonnique créée en 1848 et réveillée en 1948. In: 150e Anniversaire de la Respectable Loge Saint Jean de l'Espérance à l'Orient de Luxembourg, 1848-1998. Luxembourg 1998, S. 70, S. 16.
  7. (fr)L'Athénée de Luxembourg. VI. — Personnel enseignant de l’athénée depuis 1839. A. Les directeurs - V. Bück et L. Bück succ.. Digitised by the National Library of Luxembourg, www.eluxemburgensia.lu (1893). Gekuckt de(n) 2023-12-10.