Lannenallee um Gréiwelsser Haff
D'Lannenallee um Gréiwelsser Haff ass eng Allee mat haaptsächlech Lannen (Tilia, (fr) tilleul, (de) Linde) zu Bartreng, op der Héicht vun der Gréiwelsser Barrière. Wéinst hirem Gesamtandrock zielt d'Lannenallee zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
Lannenallee um Gréiwelsser Haff | |
---|---|
D'Lannenallee um Gréiwelshaff, Richtung Lonkecher Strooss gekuckt. (Mee 2008) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg, Allee |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bartreng |
Plaz | Gréiwelsser Haff |
Koordinaten | 49°35'49,99"N, 6°2'44,48"O |
Bamaart | Lannen, Eschen, Eechen |
Héicht | 21 m (2000) |
Duerchmiesser | 1,43 m (2000) |
Ëmfang | 2,54 m (2000) |
De geneeën Alter vun der Allee ass net bekannt an et ass och net gewosst ob et sech ëm Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlannen (Tilia cordata) handelt.
Lokalisatioun
ännerenD'Lannen, tëscht deene vereenzelt Eschen an Eeche stinn, stinn an enger Allee, déi op der Héicht vun der Gréiwelsser Barrière vun der Lonkecher Strooss (E44 / N5) bis bei dat éischt Wunnhaus beim Haff féiert. Se läit an der Sektioun Luerenzscheier vun der Gemeng Bartreng.
Geschicht
ännerenBis elo (2024) gouf et op Pabeier nach keng Verëffentlechung mat der Beschreiwung a Fotoe vun dëser Allee.
Entwécklung
ännerenJoer | [1] | ||
---|---|---|---|
2000 | 2,54 | 1,43 | 21,00 |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Biller
änneren-
Fréijoer (Mäerz 2008)
-
Summer (2008)
-
Hierscht ()
-
Wanter (2024)
Interessantes
änneren- Op de Lanne vun dëser Allee kënnt eng bemierkenswäert héich Zuel vu Flechtenaarte vir, dorënner och e puer seelener. Ënner deene ronn 50 Aarten déi hei festgestallt goufen, ass och eng, déi bis haut nach net vun de Spezialiste konnt identifizéiert ginn.
Kuckt och
ännerenQuellen
änneren- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Tabell S. 247; keng Beschreiwung a keng Foto vun der Allee an dësem Buch).
Um Spaweck
ännerenCommons: Lannenallee um Gréiwelsser Haff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ op Broschthéicht gemooss