Kierch Bartreng

Kierch vu Bartreng
Parkierch vu Bartreng (2006)
Parkierch vu Bartreng (2006)
Uertschaft / Plaz Bartreng
Par Bartreng–Stroossen
Saint-Jean XXIII
Dekanat Lëtzebuerg
Numm / Patréiner Hl. Péitrus a Paulus
Koordinaten 49° 36’ 39.1’’ N
06° 03’ 02.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Bartreng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Bartreng–Stroossen Saint-Jean XXIII an zu der Gemeng Bartreng gehéiert.

D'Patréiner vun der Kierch sinn d'Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.

Se steet am Kär vun der Uertschaft op der Kräizung vun der Leidelenger Strooss, dem CR163, an der Lëtzebuerger Strooss, dem CR180.

Den 29. Mäerz 2019 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

GeschichtÄnneren

Am Joer 1278 gouf de Péiter vun Uespelt Paschtouer (Titular) vun der Par Bartreng. Déi haiteg Kierch ass am Ufank vum 18. Joerhonnert (1701) am spéitgotesche Stil nei opgebaut ginn. 1847 ass se duerch den Ubau vun engem Querschëff, engem neie Chouer an engem schlanken Tuerm vu 65 m vergréissert ginn.[2] Am Joer 1931 gouf eng nei Sakristei ugebaut. 1981 gouf d'Kierch renovéiert an 1987 gouf dat dausendjäregt Bestoe vun der Par Bartreng gefeiert.

BemierkenswäertesÄnneren

  • D'Madonnefigur aus dem 17. Jh. mat engem Jesus, dee spillt an enger Drauw. Baussen iwwer dem Portal un der Fassad steet eng Kopie, d'Original steet bannen um Duxall.
  • Dat spéitgotesch Rëppegewëllef huet eng ganz Rei vu konschtvoll verzierte Schlusssteng.
  • De barocken Haaptaltor (éischt Hallschent vum 18. Joerhonnert) gouf vum Georges Scholtus vu Baaschtnech entworf. Et gesäit een dräi Péitrusstatuen: de Péitrus mam Hunn an de Schlësselen, déi falen, dann de gefaangene Péitrus a Ketten an de Péitrus mat de Schlësselen an dem ëmgekéierte Kräiz. Um Altor ass och de Paulus mam Schwäert ze gesin an den Äerzengel Méchel, deen den Draach kleng kritt. D'Tabernakelskulptur am Zentrum ass vum J. Haler aus dem Joer 1982.
  • D'Statu vum hellegen Hubertus op der lénkser Mauer am Chouer ass déi eelst Skulptur an der Bartrenger Kierch.
  • Déi faarweg Fënstere mat de 4 Evangeliste vum Gustave Zanter (20. Jh.) an d'Fënstere mat Wopen a Schrëftzeeche vum Jean Thill aus dem Joer 1969.
  • De Volléksaltor (20. Jh.) mat enger Zeen vum Leschten Abendmahl aus der Holzschnëtzerei Demetz aus Südtiroul.
  • D'Liespult mat der Zeen vun der Biergpriedegt an der wonnerbarer Broutverdeelung un déi Dausenden, hiergestallt vum Matthias Demetz ëm 1996.
  • Um Säitenaltoer ass lénks d'Tréischterin a riets den hellege Jousef.
  • Am lénkse Säiteschëff hänkt e Bild aus dem 17. Jh. mam Abraham an dem Affere vum Isaak.
  • Am rietse Säiteschëff hänkt e Bild vum gekräizegte Christus mat der Säitewonn aus dem Joer 1760.
  • D'Westenfelderuergel staamt aus dem Joer 1996. Op der Uergel gesäit ee Panéile mam hellege Péitrus a Paulus, déi aus den Diere vum fréieren Haaptaltor stamen.
  • De Kräizwee mat 13 (!) Statioune staamt vum Bettina Sabbatini aus dem Joer 1990. Hire Kräizwee huet dës Statiounen:
  1. Lescht Abendmahl
  2. Jesus zu Gethsemane (um Uelegbierg)
  3. Jesus virum Pilatus
  4. Jesus hëlt säi Kräiz op sech
  5. Jesus begéint senger Mamm
  6. Jesus fält ënnert dem Kräiz
  7. Jesus begéint de Fraen déi kräischen
  8. Jesus begéint dem Simon vu Cyrene a kritt d'Schweesduch vum Veronika
  9. Jesus gëtt un d'Kräiz geneelt
  10. Maria a Johannes beim Jesus ënner dem Kräiz
  11. Jesus gëtt vum Kräiz erofgeholl
  12. Jesus gëtt begruewen
  13. Den Operstanenen als Bam vum Liewen an d'Mënschheet als seng Wuerzelen

BillerÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Kierch Bartreng – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire (Lescht Versioun vum 5. Mäerz 2020).
  2. Säit vum SSMN