Stroossen

lëtzebuergesch Gemeng an eenzeg Uertschaft an der Gemeng Stroossen am Kanton Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Gemeng Stroossen)

D'Gemeng Stroossen ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Stroossen, déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng.

Stroossen
Wercollier Statu virun der Märei zu Stroossen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Strassen
de: Strassen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter Nico Pundel (CSV)
Awunner 10.594
  1. Januar 2024
Fläch 1.071 ha
Héicht 265 m
Koordinaten 49° 37’ 9’’ N
      6° 4’ 19’’ O
LAU-Code LU0309
Websäit http://www.strassen.lu/

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

änneren

Stroossen ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng; zur Gemeng gehéiert awer nach en Deel vum Reckendall.

Geographie

änneren

D'Gemeng Stroossen läit westlech um Bord vun der Stad Lëtzebuerg. Nieft der Gemeng Lëtzebuerg am Osten, leien am Südweste Bartreng, am Weste Mamer, an am Norden Kielen a Koplescht.

Duerch d'Gemeng féiert nieft der Nationalstrooss N6, och Areler Strooss genannt, déi d'Stad Lëtzebuerg mat Arel (Belsch) verbënnt och déi international Zuchstreck Lëtzebuerg – Bréissel. D'N6 gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.

Geschicht

änneren

Den Numm Stroossen staamt aus dem laténgesche Wuert "strata", wat souvill heescht wéi Militärstrooss. Zu der Zäit vun de Réimer ass dëse Kiem vun Tréier op Arel duerch Stroossen a Mamer verlaf.

Am Joer 1823 gouf d'Gemeng opgeléist a mat der Gemeng Bartreng fusionéiert. Den 1. Januar 1850[1] goufen d'Sektioun Stroossen, zesumme mam Deel vun der Sektioun Reckendall dat um "ban de Strassen" louch, vun der Gemeng Bartreng ofgetrennt a goufen nees eng eegestänneg Gemeng.

Am Annuaire officiel 1917 fënnt ee fir d'Gemeng Stroossen 1.381 Awunner, 278 bewunnt Haiser an 309 Famillen.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

änneren

D'Gemeng hat um 1. Januar 2020 9.885 Awunner, wouvun der 6.135 (62,06%) Net-Lëtzebuerger sinn.

  Beschreiwung am Originaltext:

de gueules à cinq pals d'or
D.C. 14. Oktober 1976 - A.M. 7. Dezember 1976 - Mémorial B 1976, Säit 1474
De Wope vu Stroossen geet op de Jang vu Stroossen (ëm 1411) zeréck[2]

Politik

änneren

De Gemengerot vu Stroossen gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2011 aus 13 Conseilleren zesummen.

De Schäfferot, deen aus de Gemengewale vun 2011 ervirgoung, huet sech op eng Dräierkoalitioun vun CSV, déi gréng an LSAP gestäipt. No de Wale vun 2017 ass et just nach eng CSV-LSAP-Koalitioun.[3]

Bis Enn 2020 war den LSAP-Politiker Gaston Greiveldinger Buergermeeschter. De 5. Februar 2021 gouf den CSV-Politiker Nico Pundel als neie Buergermeeschter vereedegt.[4],[5].

Well op den 30. September 2022 méi ewéi 10.000 Leit an der Gemeng ugemellt waren, ass d'Zuel vun de Schäffen no de Gemengewale vum 11. Juni 2023 vun zwéin op dräi eropgesat ginn[6].

Zesummesetzung

D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Joer CSV DP gréng LSAP Lénk
1999 3 5 2 1 -
2005 3 4 2 2 -
2011 3 5 2 3 -
2017 3 4 2 4 0
2023 5 5 2 3 -

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren

änneren

Interkommunal Syndikater

änneren
 
De Centre Barblé vum Park aus gesinn
 
Am Park beim Centre Barblé

D'Gemeng Stroossen ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckeswäertes

änneren

Literatur

änneren
  • Bernard Thomas: " 'Conurbation diffuse'. Boom économique et crise du sens dans la ceinture dorée - Étude de cas de Strassen." in: d'Lëtzebuerger Land Nr. 38, 20. September 2019, S.10.
  • Kandel, Edouard: Publikationen der Gemeinde Strassen - In: 150 Joer Gemeng Stroossen: 1850 - 2000. - Strassen: Administration communale, 2001. - P. 453-465
  • Loi du 6 août 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Strassen, Mémorial N°78 vum 18. August 1849 S.791-S.792

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Stroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Loi du 6 août 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Strassen. legilux.public.lu (18.08.1849). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  2. https://www.strassen.lu/citoyens-residents/historique
  3. "Greiveldinger ass Buergermeeschter, CSV iwwerhëlt no 3 Joer." rtl.lu, Leschten Update: 11.10.2017, 15:57:23.
  4. Nico Pundel: "Strassen wird eine internationale Gemeinde bleiben". Wort.lu (2021-01-06). Gekuckt de(n) 2021-02-08.
  5. Assermentation du bourgmestre et des échevins de la commune de Strassen et du bourgmestre et d'un échevin de la commune de Vichten. mint.gouvernement.lu (2021-05-02). Gekuckt de(n) 2021-02-08.
  6. (fr)Arrêté grand-ducal du 21 juin 2023 portant fixation du nombre des échevins de la commune de Strassen à trois. data.legilux.public.lu (21.06.2023). Gekuckt de(n) 28.06.2023.