Regierung Juncker-Polfer
Koalitiounsregierung
D'Regierung Juncker-Polfer, eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, ass aus de Chamberwale vum 13. Juni 1999 ervirgaangen. Si gouf de 7. August 1999 vereedegt an huet aus 12 Ministeren an 2 Staatssekretäre bestanen.
Zesummesetzung
änneren- Jean-Claude Juncker (CSV): Premierminister; Staatsminister; Finanzminister
- Lydie Polfer (DP): Vizepremierministesch; Ausseministesch a Ministesch fir Aussenhandel; Ministesch fir ëffentlech Verwaltung a Verwaltungsreform
- Fernand Boden (CSV): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Minister fir de Mëttelstand, Tourismus a Wunnengsbau
- Marie-Josée Jacobs (CSV): Ministesch fir Famill, sozial Solidaritéit a Jugend; Ministesch fir d'Promotioun vun der Fra
- Erna Hennicot-Schoepges (CSV): Ministesch fir Kultur, Héichschoulerzéiung a Fuerschung, Ministesch fir ëffentlech Bauten
- Michel Wolter (CSV): Inneminister
- Luc Frieden (CSV): Justizminister; Budgetsminister
- Anne Brasseur (DP): Ministesch fir Erzéiung, Beruffsausbildung a Sport
- Henri Grethen (DP): Wirtschaftsminister; Transportminister
- Charles Goerens (DP): Minister fir Kooperatioun an humanitär Hëllef; Verdeedegungsminister; Ëmweltminister
- Carlo Wagner (DP): Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung
- François Biltgen (CSV): Aarbechtsminister; Minister fir Bezéiunge mam Parlament; Kultusminister; Delegéierte Minister fir Kommunikatioun
- Joseph Schaack (DP): Staatssekretär fir ëffentlech Verwaltung a Verwaltungsreform
- Eugène Berger (DP): Staatssekretär fir Ëmwelt.
Um Spaweck
änneren- Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2013, Service information et presse du gouvernement (2014)
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2018 , Service information et presse du gouvernement (2019)
- Steve Bissen, Die Liberalen auf der Überholspur op wort.lu den 30. August 2018 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 30. August 2018, Säit 2