Patrick Santer
De Patrick Santer, gebuer de 16. August 1970, ass e lëtzebuergeschen Affekot an CSV-Politiker.
Patrick Santer | |
---|---|
Gebuer |
16. August 1970 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | CSV |
Fonctioun | Deputéierten, Member vum Staatsrot |
Gielercher | Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg |
Famill | |
Papp | Jacques Santer |
![]() |
Zanter dem 27. Abrëll 1995 ass hien als Affekot um Barreau vu Lëtzebuerg ageschriwwen.
Hie war vum 12. Oktober 1999 bis de 5. Juni 2004 a vum 3. August 2004 bis den 11. Mäerz 2009 als Deputéierte vum Walbezierk Zentrum an der Chamber.
De 27. Abrëll 2009 gouf hien als Member vum Staatsrot nominéiert. Zanter dem 1. Abrëll 2019 ass hie Vizepresident vun där Institutioun.[1]
De Patrick Santer ass bestuet an huet eng Duechter. Säi Papp ass de fréiere Premierminister Jacques Santer.
Hien ass President vum Verwaltungsrot vun der UniCredit International Bank Luxembourg a souz vun 2012 bis zu der russescher Attack op d'Ukrain, 2022, am Verwaltungsrot vum russesche Grupp Sodrugestvo.[2]
Gielercher
änneren- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2022)[3]
Referenzen
änneren- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
- ↑ Jeremy Zabatta: "Patrick Santer leaves Sodrugestvo." paperjam.lu, 03.03.2022.
- ↑ (fr) Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de 24.02.2024.