François Maroldt
De François "Frunnes" Maroldt, gebuer den 23. Mäerz 1952 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 28. November 2017[1] war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Politiker.
François Maroldt | |
---|---|
Gebuer |
23. Mäerz 1952 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen | 28. November 2017 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Lycéesprofesser |
Partei | CSV |
Famill | |
Geschwëster | Ed Maroldt |
No sengem Studium zu Liverpool huet hien als Enseignant fir ee Joer am Lycée technique Mathias-Adam zu Péiteng an dunn am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette respektiv am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht geschafft[2].
Hie war aacht Joer laang Directeur adjoint am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht, wou en den 1. Abrëll 2007 dann Direkter ginn ass.
An der Stad Esch-Uelzecht war hie vu September 1999 bis Mee 2000 Schäffen. Opgrond vum Resultat vun de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 gouf et zu Esch e Schäfferot mat enger CSV-DP-déi Gréng-Majoritéit. Doropshinn hätt de Maroldt sollen 2020 de Poste vum Schoulschäffen iwwerhuelen[1].
Vum 3. August 2004 bis den 31. Mäerz 2007 war hien CSV-Deputéierten an der Chamber. Hie gouf do vum Gilles Roth ersat.
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 François Maroldt ist gestorben op wort.lu den 28. November 2017
- ↑ Interview am Paperjam vum 25. Mäerz 2005