Theo Lingen

däitsche Schauspiller, Regisseur an Auteur

Den Theo Lingen, gebuer den 10. Juni 1903 zu Hannover a gestuerwen den 10. November 1978 zu Wien; mam richtegen Numm Franz Theodor Schmitz, war en däitsche Schauspiller, Regisseur an Buchauteur.

Theo Lingen
Theo-Lingen.jpg
Karikatur vum Theo Lingen, vum Hans Pfannmüller, 1976
Gebuer 10. Juni 1903
Hannover
Gestuerwen 10. November 1978
Wien
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmregisseur, Schrëftsteller, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Dréibuchauteur
Famill
Bestuet mat Marianne Zoff
Kanner Ursula Lingen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hien huet an den 1920er Joren ugefaangen als Theaterschauspiller ze schaffen an zënter den 1930er Joren och fir de Film, wou e bis an d'1970er Joren eran, ufanks a serieuxen, duerno meeschtens a komesche Rollen, an iwwer 200 Filmer vill Succès hat. Bekannt gouf e besonnesch am Komikerduo mam Hans Moser, oder a populäre Filmer wéi Die Lümmel von der ersten Bank oder Tante Trude aus Buxtehude.

Hie war vun 1928 u mat der Sängerin Marianne Zoff bestuet, der éischter Fra vum Bertolt Brecht. Seng Duechter Ursula Lingen gouf och Schauspillerin.

WierkerÄnneren

  • Johann. Lustspiel in 3 Akten. Ahn & Simrock, Berlin 1942. - Als Manuskript gedréckt
  • Ich über mich. Interview eines Schauspielers mit sich selbst. Velber (Friedrich-Verlag) 1963, 76 S.
  • Theophanes. Hörspiel (Komödie); Regie: Walter Jokisch. Radio Bremen, 1949.
  • Eine Minute vor sieben. Krimihörspiel; Regie: Heinz-Günter Stamm. Bayerischer Rundfunk, München 1972.
  • Fein gegen Fein. Hörspiel in Briefen; Regie: Heinz-Günter Stamm. Bayerischer Rundfunk, München 1974.
  • Kidnapping. Krimihörspiel; Regie: Heinz-Günter Stamm. Bayerischer Rundfunk, München 1974.

FilmographieÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Rolf Aurich, Wolfgang Jacobsen: Theo Lingen. Das Spiel mit der Maske. Aufbau-Verlag, Berlin 2008, ISBN 978-3-351-02668-4.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Theo Lingen – Biller, Videoen oder Audiodateien