De Werner Jacobs, gebuer de 24. Abrëll 1909 zu Berlin a gestuerwen de 24. Januar 1999 zu München, war en däitsche Filmediteur, Dréibuchauteur a Filmregisseur.

Werner Jacobs
Gebuer 24. Abrëll 1909
Berlin
Gestuerwen 29. Januar 1999
München
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmregisseur, Filmediteur, Dréibuchauteur

Vun 1934 bis 1937 huet de Werner Jacobs als Editeur bei der däitscher Filial vun der MGM geschafft. Duerno huet hie fir Bavaria Film däitsch Filmer montéiert. Vun 1940 u war hien als Zaldot am Krich. Am Joer 1943 ass hien aus der Arméi wéinst enger schwéierer Krankheet entlooss ginn.

Nom Krich war hien Editeur bei der däitscher Filmwochenschau Welt im Film an huet och do verschidde Kuerzfilmer gedréint.

Am Joer 1952 huet de Jacobs säin éischte Spillfilm als Regisseur Der weißblaue Löwe realiséiert. Duerno huet hien haaptsächlech d'Regie a Musek- a Kaméidisfilmer gefouert mat bekannte Stare wéi wie Peter Alexander, Cornelia Froboess, Peter Kraus a Freddy Quinn.

De Werner Jacobs war ee vun den typesche Vertrieder vum däitsche Nokrichsfilm, déi sech op liicht Ënnerhalungsfilmer spezialiséiert haten, déi all Ausenanersetzung mat Zäitproblemer evitéiert hunn.

Filmographie änneren

als Regisseur änneren

Kino änneren

TV änneren

  • 1975: Die Dubarry

Um Spaweck änneren