De Papagei um Käschtebam

Roman vum Roger Manderscheid

De Papagei um Käschtebam: Zeenen aus der Nokrichszäit ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Roger Manderscheid, deen 1991 bei den Éditions Phi erauskoum.

De Papagei um Käschtebam
Auteur Roger Manderscheid
Erauskomm 1991
Editeur Editions Phi

Ëm wat geet et am Roman? änneren

Erzielt ginn d'Erliefnesser vum Christian "Chrëscht" Knapp, engem Jugendleche vun Izeg, wärend senger Lycéeszäit, wou en an de Stater Kolléisch goung. E fänkt u bei der Befreiung duerch d'Amerikaner, a wéi hir Presenz d'Liewen am Duerf duercherneebréngt an hält op, wéi de Chrëscht fir d'éischt am Liewen d'Mier gesäit an dovun iwwerwältegt ass. Een zentraalt Evenement fir den Haaptpersonnage ass den Doud vu senger Mamm. D'Beschreiwung vun der Stëmmung a vum Léierpersonnal am Kolléisch, uganks vun den 1950er Joren, hëlt och eng wichteg Plaz an.

Soss änneren

Beim Papagei um Käschtebam handelt et sech ëm den zweeten Deel vum Manderscheid senger Roman-Trilogie, déi mat Schacko Klak (1988) ugefaangen hat a mat Feier a Flam (1995) virugoung. Wéi déi aner zwéin och, handlet et sech ëm e staark autobiographesche Roman.

Den Titel bezitt sech op eng Episod am Buch, wou e Papagei, deen anzwousch fortgeflu war, sech um Käschtebam am Haff vum Kolléisch néiergelooss hat, an no vill Gedeessems vun de Pompjeeën, et dem Chrëscht gelongen ass, en ze fänken.

1992 krut de Roger Manderscheid fir dëse Roman de Servais-Präis.

1999 koum am Gollenstein Verlag eng Iwwersetzung op Däitsch eraus, Der Papagei auf dem Kastanienbaum. Szenen aus der Nachkriegszeit, vum Georges Hausemer an Zesummenaarbecht mam Auteur.

Um Spaweck änneren

Literatur änneren

  • Roger Manderschid: De Papagei um Käschtebam: Zeenen aus der Nokrichszäit. Iechternach: éditions Phi, 1991.