Stille Tage in Luxemburg

Stille Tage in Luxemburg ass en däitschen Televisiounsfilm vum Georg Bense a Roger Manderscheid.

Stille Tage in Luxemburg
kee Bild
Film
Produktiounsland Däitschland
Produktiounsjoer 1973
Première 1973
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Georg Bense
Dréibuch Roger Manderscheid
Fotografie Georg Bense
Produzent Saarländischer Rundfunk
Schauspiller
Roger Manderscheid
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

änneren

De Film ass e kriteschen Dokumentarfilm iwwer d'Stad Lëtzebuerg.

De Film ass vun engem Deel vum Lëtzebuerger Publikum ganz schlecht opgeholl ginn, nach wärend der Sendung ass de Roger Manderscheid doheem ugeruff ginn, an huet sech musse Frechheete gefale loossen.

De Film an der Press

änneren

D'Press war och gedeelter Meenung, am Luxemburger Wort ass de Film guer net gutt opgeholl ginn, wärend en am Tageblatt gelueft ginn ass.

Sicher hat Manderscheid an manchem recht. Doch was geht die Kritik eines Luxemburgers an Luxemburg das deutsche Fernsehpublikum an?

Möchte der Vogel denn nicht, nachdem er sein Netz beschmutzt hat, flügge werden und die Stätten verlassen, in denen aber auch gar nichts das Leben lebenswert zu machen scheint. (Luxemburger Wort, 05.10.1973)

Ein Luxemburger hat in S3 ein Stadtportrait gezeichnet, das alle gängigen Klischeevorstellungen über den Haufen wirft. Er hat es gewagt, die Tünche von den Wohlstandsfassaden zu reissen. (Tageblatt)

Bibliographie

änneren
  • Stille Tage in Luxemburg ein Drehbuch von Roger Manderscheid (lochnessheft 2, Lochness verlag 1975)

De Film ass op der DVD déi am Buch Lëtzebuerger Kino (CNA) ze fannen ass.

Kuckt och

änneren