Tullio Forgiarini

lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Auteur
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Tullio Forgiarini, gebuer 1966 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Geschichtsprofesser an Auteur.

Tullio Forgiarini
Gebuer 1966
Neiduerf/Weimeschhaff
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Liewen änneren

No senger Première am Stater Jongelycée, 1985, huet hien an der Stad Lëtzebuerg an zu Stroossbuerg Geschicht studéiert. Zanter 1989, ass hien Enseignant fir Geschicht, Latäin a Geographie am Lycée du Nord zu Wolz.[1]

Säi Wierk änneren

Den Tullio Forgiarini schreift Romaner, Erzielungen, Dréibicher an Theaterstécker, meeschtens fir Erwuessener, ma och fir Jugendlecher a Kanner. Seng Texter si meeschtens gesellschaftskritesch a vu schwaarzem Humor duerchzunn. Hien huet ufanks op Franséisch geschriwwen, dono och op Lëtzebuergesch, Däitsch an heiansdo Englesch.[1]

Säi Roman Amok war lëtzebuergesche Laureat vun der 2013er Editioun vum Europäesche Literaturpräis.[2] Eng Verfilmung vum Donato Rotunno ënner dem Titel Baby (a)lone koum 2015 an de Kino.

Publikatiounen änneren

  • Miss Mona, roman de gare en cinq actes et un épilogue ; Krimi; Éditions Baleine, Paräis 2000
  • La ballade de Lucienne Jourdain ; Roman, Koeditioun vun de Cahiers luxembourgeois (Nic Weber Éditeur), Bäreldéng, an Éditions MEMOR (Collection Transparences), Bréissel, 2001; 83 Säiten. ISBN 2-919976-70-2 / ISBN 2-930133-60-0
  • Carcasses ; Schwaarze Roman, Op der Lay, 2004.
  • Karnaval ; Éditions Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean / Mudam, Lëtzebuerg, 2006.
  • La énième mort d'Ernesto Guevara de la Serna, dit le Che ; Roman; Verlag Op der Lay (Robert, genannt Gollo Steffen), 2007.
  • Amok. Eng Lëtzebuerger Liebeschronik ; Roman op Lëtzebuergesch; Éditions Binsfeld, Lëtzebuerg, 2011; 130 Säiten.
  • Un deen Dag wou ech Auslänner gi sinn ; eng kuerz, autobiographesch Geschicht, publizéiert an der Literaturbeilag Livres - Bücher, Juli & August 2011, Bäilucht vum Tageblatt vum 22. Juli 2011), S. 20.
  • La Ballade de Lucienne Jourdain. Illustratioune vum Vincent Biwer, 2015.
  • De Ritter an der Kartongsrüstung. Kewen & Qamar, 2016.
  • Lizardqueen - Eine limbische Liebeschronik, 2016
  • Céruse: Ma vie. Entretiens, mam Saturnino Bianchi, 2020.
  • Lies de bal, zesumme mat Cathy Clement, Lucien Blau, Josy Braun, Henri Losch, Pol Greisch, Jhemp Hoscheit, Nico Graf, Roger Manderscheid, Editions Saint-Paul , Editions Guy Binsfeld, 2014

Literatur änneren

  • Animations - Le Poulpe s'abat sur la ville; in: Le Républicain lorrain, supplément hebdomadaire 7 HEBDO, édition du dimanche 26 mars 2000.
  • Germaine Goetzinger & Claude D. Conter (+ Mataarbechter), Luxemburger Autorenlexikon, erausgi vum Nationale Literaturzentrum, Miersch, 2007; Ss. 175-176.
  • Luc Caregari, Littérature luxembourgeoise: Mir Kanner vun der Kinnékswiss ; Artikel iwwer d'Buch Amok, in: woxx, Nr. 1120 (22. Juli 2011), Ss. 10-11.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Fiche am autorenlexikon.lu.
  2. "Europäesche Literaturpräis 2013 fir den Tullio Forgiarini." RTL.lu - 27.09.2013, 10:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.09.2013, 16:28.