Theaterplaz (Stad Lëtzebuerg)

D'Theaterplaz (offiziell: Place du Théâtre) ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg.

Place du Théâtre
Numm lb: Bäckerei
fr: Place du Théâtre
Längt 50 x 60 m m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2613
Koordinaten 49° 36’ 46.2’’ N
      06° 07’ 50.6’’ O

1623 huet de Kapuzineruerden d'd'Erlaabnis vum Spuenesche Kinnek Philippe IV. kritt fir eng Kierch ze bauen, dëst obwuel et Oppositioun vum Stadmagistrat an och vum Franziskaneruerde gouf.

D'Kierch ass 1795 vun de Franséische Revolutiounstruppen geplëmmt ginn. Am selwechte Joer huet de Generol Joubert d'Klouschtergebaier vun de Kapuziner an de Franziskaner beschlagnaamt, ënner dem Virwand, datt se fir militäresch Zwecker géife gebraucht ginn. An de Joren duerno gouf eng Garnisounsbäckerei fir déi Franséisch Truppen do opgemaach. De Lëtzebuerger Gebrauchsnumm vun der Plaz ass op dës fréier Garnisounsbäckerei zeréckzeféieren.

D'Plaz huet hiren offiziellen Numm vum Kapuzinertheater, deen un d'Plaz grenzt. D'Theaterplaz ass relativ "jonk", se gouf eréischt no der Schleefung vun der Festung Lëtzebuerg ugeluecht a krut den haitegen Numm 1868, nodeem d'Kapuzinerkierch an en Theater ëmfunktionéiert gi war[1]. Virdru waren do Festungsanlagen an, um Bord, de fréiere Klouschtergaart vum Kapuzinerklouschter. De Gaart war vum deemolege Buergermeeschter François Scheffer gesteet ginn; seng Wittfra huet e spéider de Redemptoriste-Patere geschenkt, déi do an de spéiden 1850er Joren e Klouschter an d'Kierch Saint-Alphonse baue gelooss hunn.[2]

Uganks 1982-1983 gouf ënner der Plaz e Parkhaus mat 5 Stäck a 428 Plazen ugeluecht, an d'Plaz uewendrop autofräi gemaach[2]. E puer Joer drop gouf do eng bronze Figuregrupp installéiert, "Spillleit" (Saltimbanques) genannt, déi vun der Benedicte Weis tëscht 1986-1987 geschaaft gouf[3].

Op der Nordsäit vun der Plaz ass d'Stater Cinemathéik, déi do 1975 am fréiere Kino Vox ageriicht gouf.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Theaterplaz (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? ons stad 2005, Nr 80
  2. 2,0 2,1 "Die Altstadt rundum das Alte Theater erwacht zu neuem Leben." ons stad 1981, Nr 8, S.2-7.
  3. Homepage vun der Benedicte Weis