Feier a Flam
feier a flam. geschichten äus de fofzeger joeren ass e Roman op Lëtzebuergesch vum Roger Manderscheid, deen 1995 bei den Éditions Phi erauskoum.
Feier a Flam | |
---|---|
Auteur | Roger Manderscheid |
Erauskomm | 1995 |
Verlag | Éditions Phi |
Sprooch | Lëtzebuergesch |
Ëm wat geet et am Roman?
ännerenErzielt ginn d'Erliefnesser vum jonken Erwuessene Christian "Chrëscht" Knapp, säin Déngscht an der Lëtzebuerger Arméi, seng Ufäng am Beruffsliewe bei der Eisebunn, ma besonnesch seng Sich no Léift an no Bezéiunge mat Fraen.
Soss
ännerenBei Feier a Flam handelt et sech ëm den drëtten a leschten Deel vum Manderscheid senger Roman-Trilogie, där Schacko Klak (1988) an De Papagei um Käschtebam (1991) virausgoungen. Wéi déi aner zwéin och, handelt et sech ëm e staark autobiographesche Roman. D'Distanz tëscht dem Auteur sengen eegenen Erliefnesser a sengem literareschen Alter-ego ginn dës Kéier duerch den Austausch mat der Annabell, dem Erzieler seng Fra, erreecht, déi et erméiglechen, s'aus der Perspektiv vun haut ze relativiséieren an ze kommentéieren. Ausserdeem erméiglecht d'Figur vum Annabell, eng Däitsch vu Bitburg, dem Auteur, iwwer Sprooch a Sproochgebrauch ze 'diskutéieren'.
De Roger Manderscheid huet d'Buch 2006 an d'Däitscht iwwersat, mam Titel Der sechste Himmel. Geschichten aus den fünfziger Jahren (Gollenstein Verlag).
Um Spaweck
änneren- Fiche "Feier a Flam" op autorenlexikon.lu
- René Clesse: "Die Liebe in den Zeiten des Hula Hoop." d'Letzeburger Land Nr.4, 26.01.1996, S.13 (Rezensioun).
Literatur
änneren- Roger Manderschid: Feier a Flam. Geschichten äus de fofzeger Joeren. Iechternach: éditions Phi, 1995.