De Jeannot Bewing, gebuer den 28. Mäerz 1931 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 4. Juni 2005, war e lëtzebuergesche Sculpteur.

Jeannot Bewing
Gebuer 28. Mäerz 1931
Gestuerwen 4. Juni 2005
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
Eng Skulptur vum Jeannot Bewing

Säi Liewen änneren

Als Jong vum Schmelzaarbechter Léon Bewing an der Anne Grünewald gouf de Jeannot Bewing den 28. Mäerz 1931 zu Esch-Uelzecht gebuer.

Hie war selwer och e Schmelzaarbechter. 1968 krut hien éischt Kontakter mat der Konscht an huet zu Konsdref mat anere jonke Kënschtler an eneger Scheier ausgestallt. An deem Joer huet hien och zu Paräis um Salon de la jeune sculpture ausgestallt.[1] 1975 war hien an der Cité internationale des arts zu Paräis. 1986 huet hien um Internationalen Bildhauer-Symposium zu Merzig (D) deelgeholl.

Hie war Member vum Cercle Artistique de Luxembourg an huet um Enn vun den 1980er Joeren op deem sengem Salon ausgestallt. Och an der Escher Konschtgalerie (tëscht 1972 an 1998), der Galerie La Cité an der Stad (tëscht 1977 an 1999) an an der Villa Vauban (1984) hat hien Ausstellungen.

Nodeem hie mat 57 an d'Pensioun gaange war, konnt hie sech ganz sengem kënschtleresche Schafen higinn.

Fir säi Wierk gouf e mam Prix de Raville (1991) an dem Prix Grand-Duc Adolphe (1997) ausgezeechent..

An der Nuecht vum 3. op de 4. Juni 2005 ass de Jeannot Bewing onerwaart am Alter vu 74 Joer a sengem Haus zu Esch-Uelzecht gestuerwen.

De Roger Manderscheid huet säi Roman kasch. e genie verschwënnt an der landschaft dem Jeannot Bewing dediéiert.

Famill änneren

Hien huet sech 1954 mat der Mim Biltgen bestuet. 1955 koum hiert eenzegt Meedchen d'Eliane op d'Welt. 2004 ass d'Mim gestuerwen..

Säi Wierk änneren

De Jeannot Bewing huet haaptsächlech Skulpturen aus eisenen a stolene Schrottdeeler gemaach. Hien huet awer och verschidde Sklupturen am Holz an am Stee realiséiert. Donieft huet hien och gezeechent a gemoolt.

 
Dot (1993), Wierk vum Jeannot Bewing bei der Uni Lëtzebuerg um Lampertsbierg

Monumentalrealisatiounen änneren

Ëffentlech Kollektiounen änneren

  • Spuerkeess, Lëtzebuerg
  • Banque générale, Esch-Uelzecht
  • Nationalbibliothéik, Lëtzebuerg
  • Cour de Justice, Lëtzebuerg
  • Groussherzoglechen Haff, Lëtzebuerg
  • Rout Kräiz, Esch-Uelzecht
  • Minerais SA, Lëtzebuerg
  • Kulturministère, Lëtzebuerg
  • Ausseministère, Lëtzebuerg
  • Nationale Geschichts- a Konschtmusée, Lëtzebuerg
  • Republik China, Lëtzebuerg
  • Stad Esch-Uelzecht

Perséinlech Ausstellungenn änneren

  • 1970 Galerie Horn, Lëtzebuerg
  • 1971 Galerie 66, Hofheim/Taunus
  • 1972 Galerie d'Art Municipale, Esch-Uelzecht
  • 1977 Galerie La Cité, Lëtzebuerg, Galerie Paul Brück, Lëtzebuerg
  • 1979 Galerie Im Zwinger, St. Wendel, Galerie La Cité, Lëtzebuerg
  • 1981 Galerie 66, Hofheim/Taunus
  • 1982 Galerie Numaga, Auvernier, Galerie La Cité, Lëtzebuerg
  • 1983 Maison de la Culture, Namur
  • 1984 Galerie La Cité, Lëtzebuerg
  • 1985 Galerie Numaga, Auvernier, Galerie N.R.A., Paräis
  • 1987 Galerie La Cité, Lëtzebuerg
  • 1988 Saarländisches Künstlerhaus, Saarbrécken
  • 1989 Galerie La Cité, Lëtzebuerg, Del Bella Galeria, Toronto
  • 1991 Galerie d'Art Municipale, Esch-Uelzecht
  • 1992 Galerie La Cité, Lëtzebuerg
  • 1993 Galerie Athena, Courtrai
  • 1994 Bibliothèque du Centre Universitaire, Lëtzebuerg, Galerie Schlassgoart, Esch-Uelzecht
  • 1996 Galerie Athena, Courtrai
  • 1998 Galerie d'Art Municipale, Esch-Uelzecht
  • 1999 Galerie Athena, Courtrai, Galerie La Cité, Lëtzebuerg

Kollektiv Ausstellungen änneren

Auvernier, Bachte-Maria-Leern/Deinze, Brest, Bréissel, Köln, Consdorf, Courtrai, Dublin, Esch-Uelzecht, Florenz, Frankfurt, Gütersloh, Hofheim/Taunus, Höhr-Grenzhausen, Japan, Madrid, Metz, Namur, Paräis, Saarbrécken, Sevilla, Sonderborg, St. Wendel, Toronto

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Nathalie Becker, 2015. Hommage à Jeannot Bewing. L'avatar de Vulcain. Die Warte 17|2474 vum 4. Juni 2015, S. 11.
  • Revue, 11.10.1969 a 25.3.1972
  • Jeannot Bewing. Préface Felix Molitor, photos Guy Wolff. Éditions Saint Paul 2005, ISBN 2-8763-563-2.
  • Marc Theis, Elisabeth Vermast: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, 1995, S. 68 - S. 69

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jeannot Bewing – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. PBS: "Frag' mich nicht, wie ich es mache", d'Letzeburger Land, 1. Juni 1990.