De Kapuzinertheater (fr.: Théâtre des capucins) och Alen Theater genannt, ass en Theater an der Kapuzinerstrooss (fr.: rue des capucins) an der Stad Lëtzebuerg.

Kapuzinertheater
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'45,29"N, 6°7'48,50"O
Datum vum Bau 1869

D'Gebai gouf 1623 gebaut a war bis 1795 e Klouschter vun de Kapuziner.

Vu 1796 bis 1868 ass d'Gebai vun der Garnisoun als Fruuchtspäicher an als Bäckerei gebraucht ginn.

Duerno war et vun 1869 bis 1964 den Theater vun der Stad Lëtzebuerg. Nodeem den neien Theater um Rond-point Schuman fäerdeg war, gouf d'Gebai ëmgebaut. Als Erënnerung un dat fréiert Klouschter gouf den Theater 1985 Kapuzinertheater genannt.

Direkteren änneren

2013 gouf eng Spillplaz virum Kapuzinertheater ageriicht. D'Skulptur "Le Centaure" vu Les Lalanne, déi op där Plaz stoung, gouf ewechgeholl a gouf am Parc vun der Villa Vauban erëm opgeriicht.

right

Um Spaweck änneren