Den Giulio Andreotti, gebuer de 14. Januar 1919 zu Roum an och do gestuerwen de 6. Mee 2013, war en italieenesche Politiker. Hien huet d'politesch Geschicht vun Italien an der 2. Hallschent vum 20. Joerhonnert staark markéiert.

Giulio Andreotti
Gebuer 14. Januar 1919
Roum
Gestuerwen 6. Mee 2013
Roum
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit La Sapienza
Aktivitéit Schrëftsteller, Politiker, Diplomat, Reporter, Journalist
Partei Democrazia Cristiana
Member vun Ritteruerde vum Hellege Graf zu Jerusalem, Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Den Andreotti, Jurist vu Formatioun, war vun Ufank bis zu hirem Enn Member vun der Democrazia Cristiana, den italieenesche Chrëschtdemokraten. Hie souz zanter 1945 am italieenesche Parlament. An 33 vun am Ganzen 59 Regierungen tëscht 1945 war hie Regierungsmember, dorënner 7-mol Ministerpresident. Ministerämter, déi hien hat, waren:

  • aachtmol Verdeedegungsminister,
  • fënnefmol Ausseminister;
  • jee zweemol Finanzminister, Budgetsminister an Industrieminister;
  • jee eng Kéier Minister fir den Tresor an Inneminister.

1991 gouf hie vum Staatspresident Francesco Cossiga zum Senator op Liewenszäit ernannt.

Presidente del Consiglio, deemno Ministerpresident war den Andreotti:

  • 18. Februar 1972 – 26. Februar 1972
  • 26. Juni 1972 – 12. Juni 1973
  • 29. Juli 1976 – 16. Januar 1978
  • 11. Mäerz 1978 – 31. Januar 1979
  • 20. Mäerz 1979 – 31. Mäerz 1979
  • 22. Juli 1989 – 29. Mäerz 1991
  • 12. Abrëll 1991 – 24. Abrëll 1992.

Hien hat de Spëtznumm Il Divo, an et gouf ëmmer nees iwwer seng Verbindunge mat der Mafia spekuléiert. Och seng onduerchsichteg Memberschaften a Geheimlogen, wéi dem Licio Gelli senger Loge P2, an den net opgekläerte Muerd un engem Journalist, deen dëst publik gemaach hat, hu fir eng sëllegen Opreegung gesuergt.

Um Spaweck änneren

Commons: Giulio Andreotti – Biller, Videoen oder Audiodateien