Institutioune vun der Europäescher Unioun
Et gëtt sechs EU-Institutiounen, déi jiddwereng eng spezifesch Roll spillen:
- d'Europäescht Parlament, dat vun de Wieler an de Memberstaate gewielt gëtt;
- de Conseil vun der Europäescher Unioun, an deem d'Regierunge vun de Memberstaate vertruede sinn an deen, eleng oder zesumme mam Parlament, d'europäesch Gesetzer decidéiert;
- d'Europäesch Kommissioun, d'Exekutivorgan an de 'Motor' vun der Unioun. Dës 3 bilden zesummen de sougenannten "Institutionellen Dräieck".
- den Europäesche Geriichtshaff, dee sécherstellt, datt d'Gesetzer och agehale ginn;
- den Europäesche Rechnungshaff oder Cour des Comptes, deen doriwwer waacht, datt beim EU-Budget alles no de Reegele geet;
- d'Europäesch Zentralbank, déi responsabel fir déi monetär Politik ass a sech ëm den Euro këmmert.
Do donieft gëtt et nach véier aner wichteg Organer:
- den Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité, dee bei Gesetzprojeten, déi dës Theeme betreffe, muss consultéiert ginn;
- de Comité vun de Regiounen, deen d'Meenunge vu regionalen a lokale Kierperschafte vertrëtt;
- den Europäeschen Ombudsmann, bei deem d'Bierger sech beschwéiere kënnen, wa se mengen, datt se net korrekt vun enger EU-Institutioun oder Administratioun behandelt goufen;
- d'Europäesch Investitiounsbank, déi mat Investitiounen hëlleft, EU-Projeten duerchzeféieren.
Weiderhin ernimme muss een den Europäesche Conseil, deen zwar keng rechtlech verbindlech Decisioune kann huelen, mä deem seng Conclusiounen ëmgesat musse ginn.
Eng Rëtsch Agencen a soss Organer vervollstännegen dëse System.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenPortal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Commons: Bodies of the European Union – Biller, Videoen oder Audiodateien |