Haaptmenü opmaachen

Maurice Couve de Murville

franséische Politiker

De Maurice Couve de Murville, 1907 zu Reims an der Marne (Grand Est) an enger protestantescher Famill gebuer, an 1999 zu Paräis gestuerwen, war en héije franséische Staatsbeamten (Finanzinspekter), Diplomat a Politiker, dee sech relativ spéit zum Gaullismus bekannt huet.

Maurice Couve de Murville
Maurice Couve de Murville.jpg
Gebuer 24. Januar 1907
Reims
Gestuerwen 24. Dezember 1999
7. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté de droit de Paris,
Lycée Louis-le-Grand,
Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Ambassadeur, Fonctionnaire
Partei Rassemblement pour la République, Union des démocrates pour la République, Union pour la nouvelle République
Famill
Bestuet mat Véra Fabre
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hie gouf den 31. Mee 1968 zum Wirtschafts- a Finanzminister vum President Charles de Gaulle genannt, an am Juli 1969 zum Premierminister amplaz vum Georges Pompidou.


Zweete Weltkrich / Vichy-RegimeÄnneren

Am September 1940 gouf de Finanzinspekter Maurice Couve de Murville vum Vichy-Regime zum Directeur des Finances extérieures et des Changes ernannt a gouf och Member vun der franséischer Delegatioun an der Waffestëllstandskommissioun déi zu Wiesbaden ageriicht gi war. Do war hien den Däitschen hiren Interlocuteur fir finanziell Froen. Am Mäerz 1943 huet de Couve de Murville sech dunn awer an Nordafrika ofgesat, wou e sech mam Generol Henri Giraud a Verbindung gesat huet, a spéider, wéi die sech op Drock vun den Alliéierten huet misse [Source?] mam Chef vun der France libre, dem Generol Charles de Gaulle, verdroen, krut hie Kontakt mam de Gaulle deen him awer laang net wierklech getraut huet.[Source?]

LiteraturÄnneren

  • Arthur Conte, Les Premiers Ministres de la Ve République; Paräis (Le Pré-aux-Clercs), 1986.
  • François Broche & Jean-François Muracciole, Histoire de la Collaboration 1940-1945; Paräis (Tallandier / Texto), 2019. Vgl. d'Ss. 110-111, 272 a 677 -> Nott Nr. 35!