Hans-Dietrich Genscher

däitsche Politiker

Den Hans-Dietrich Genscher, gebuer den 21. Mäerz 1927 zu Reideburg a gestuerwen den 31. Mäerz 2016 zu Wachtberg-Pech, war en däitsche Politiker vun der FDP, deen 23 Joer laang als Minister aktiv war.

Hans-Dietrich Genscher
Gebuer 21. Mäerz 1927
Gestuerwen 31. Mäerz 2016
Pech
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Däitschland, Däitsch Demokratesch Republik
Educatioun Universitéit vu Leipzig,
Universitéit vun Hamburg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Universitéitsprofesser, Saachbuchauteur, Militär, Inneminister
Partei Freie Demokratische Partei, NSDAP
Member vun Deutsche Gesellschaft für Auswärtige Politik
Den Hans-Dietrich Genscher (1984).
Den Hans-Dietrich Genscher (2007).

Hie war vun 1969 bis 1974 Inneminister a vun 1974 bis 1992 bal onënnerbrach Ausseminister a Vizekanzler vun der Bundesrepublik Däitschland, an zwar souwuel ënnert dem Kanzler Helmut Schmidt (SPD) – Kanzler vun 1974 bis 1982 – wéi och, no engem Regierungswiessel, ënner dem Helmut Kohl (CDU). Doriwwer eraus war hie vun 1974 bis 1985 President vun der FDP um federalen Niveau.

De Genscher huet sech seng Carrière duerch mat groussem diplomatesche Geschéck dofir agesat, d'Deelung vun Europa a vun Däitschland z'iwwerwannen, souwéi de Kale Krich op en Enn ze bréngen. Dat huet him sowuel Luef wéi och Mësstrauen abruecht, an de Begrëff Genscherismus fir eng virsichteg mä zilstrieweg multilateral Approche, deen dofir geprägt gouf, huet dann och jee nodeem positiv oder negativ Konnotatiounen.

Duerch seng jovial Aart a Weis war de Genscher ee vun de beléifste Politiker an Däitschland. Mat Kritik a Parodien ass a e ganz souverän ëmgaangen, sou huet e Karikaturen iwwer seng weit Ouere mat Humor geholl an dee vum Satir-Magazin Titanic 1989 geprägte Spëtznumm "Genschman" huet en ameséiert. Wéi keen anere Politiker ass et mat engem Kleedungsstéck a Verbindung bruecht ginn, sengem Pullover an der gieler FDP-Faarf. Seng sëllege berufflech Auslandsreesen als Ausseminister hunn och zu Witzer gefouert, wéi z. B.: "Treffe sech zwee Fliger. A béide sëtzt de Genscher."

Hie war vun 1965 bis 1998 Deputéierten am Däitsche Bundestag. Dono huet hien nach hei an do op Héichschoule Course ginn, hat deen een oder anere Posten an engem Comité de Surveillance, a war President vu politesche Veräiner.

Hie war zweemol bestuet an hat eng Duechter aus dem éischte Stot.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • (Ed.): Liberale in der Verantwortung. Hanser, München/Wien 1976, ISBN 3-446-12288-5.
  • Aussenpolitik im Dienste von Sicherheit und Freiheit. Verlag Bonn Aktuell, Stuttgart 1976, ISBN 3-87959-055-9.
  • Deutsche Aussenpolitik. Verlag Bonn Aktuell, Stuttgart 1977, ISBN 3-87959-078-8.
  • Deutsche Aussenpolitik. Ausgewählte Grundsatzreden 1975–1980. Verlag Bonn Aktuell, Stuttgart 1981, ISBN 3-87959-159-8; überarbeitete * Unterwegs zur Einheit. Reden und Dokumente aus bewegter Zeit. Siedler, Berlin 1991, ISBN 3-88680-408-9.
  • Wir wollen ein europäisches Deutschland. Siedler, Berlin 1991, Goldmann 1992 ISBN 3-442-12839-0.
  • Kommentare. ECON-Taschenbuch-Verlag, Düsseldorf/Wien 1994, ISBN 3-612-26185-1.
  • Erinnerungen. Siedler, Berlin 1995, ISBN 3-88680-453-4; Goldmann, München 1997, ISBN 3-442-12759-9.
  • Sternstunde der Deutschen. Hans-Dietrich Genscher im Gespräch mit Ulrich Wickert. Mit sechs Beiträgen. Hohenheim, Stuttgart/Leipzig 2000, ISBN 3-89850-011-X.
  • Die Chance der Deutschen. Ein Gesprächsbuch. Hans-Dietrich Genscher im Gespräch mit Guido Knopp. Pendo, München 2008, ISBN 978-3-86612-190-4.
  • Meine Sicht der Dinge. Im Gespräch mit Hans-Dieter Heumann. Propyläen, Berlin, 2015, ISBN 978-3-549-07464-0.

Literatur änneren

  • Agnes Bresselau von Bressensdorf: Frieden durch Kommunikation. Das System Genscher und die Entspannungspolitik im Zweiten Kalten Krieg 1979–1982/83. Berlin, De Gruyter Oldenbourg 2015, ISBN 3-11-040464-8.
  • Kerstin Brauckhoff, Irmgard Schwaetzer (Editeur): Hans-Dietrich Genschers Außenpolitik. Springer VS, Wiesbaden 2015, ISBN 3-658-06650-4.
  • Werner Filmer, Heribert Schwan: Hans-Dietrich Genscher. Econ-Verlag, Düsseldorf/Wien/New York 1988, ISBN 3-430-12732-7; aktualisierte und erweiterte Neuausgabe: Moewig bei Ullstein, Rastatt 1993, ISBN 3-8118-2815-0.
  • Hans-Dieter Heumann: Hans-Dietrich Genscher. Die Biografie. Schöningh, Paderborn 2012, ISBN 978-3-506-77037-0.
  • Hans-Dieter Lucas (Hrsg.): Genscher, Deutschland und Europa. Nomos-Verlag, Baden-Baden 2002, ISBN 3-7890-7816-6.
  • Gerhard A. Ritter: Hans-Dietrich Genscher, das Auswärtige Amt und die deutsche Vereinigung. Beck, München 2013, ISBN 3-406-64495-3.

Um Spaweck änneren

Commons: Hans-Dietrich Genscher – Biller, Videoen oder Audiodateien