Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher Unioun

(Virugeleet vu(n) Brexit)

Den Austrëtt vum Vereenegte Kinnekräich aus der Europäescher Unioun, dacks einfach Brexit genannt, war den 31. Januar 2020, an ass duerch d'Austrëttsofkommes, dat am Januar 2020 ënnerschriwwe gouf, rechtlech festgehale ginn.

d'Vereenegt Kinnekräich (orange) an d'Staate vun der Euoropäescher Unioun (blo); Februar 2020.

Zanter dem 1. Januar 2021 gehéiert d'Vereenegt Kinnekräich, no enger Iwwergangsphas, och net méi zum EU Bannemaart an der Zollunioun. An engem Partnerschafts- a Kooperatiounsofkommes vum 30. Dezember 2020 goufen déi laangfristeg Bezéiungen tëscht dem Vereenegte Kinnekräich an der EU festgeluecht.

Et handelt sech ëm e bis dohin eemolege Schratt, an d'Diskussiounen iwwer Vir- an Nodeeler dovun ginn, absënns am Vereenegt Kinnekräich, och nom Austrëtt weider, mat am Hannergrond der Schwieregkeet, nei wa méiglech favorabel Handelsaccorde mat anere Länner z'ënnerschreiwen, an de méi schwéieren Handelsbezéiunge mat der EU vu baussent dem Bannemmart.

Oflaf änneren

Den Austrëttsprozess gouf duerch e Referendum iwwer d'Memberschaft an der EU, den 23. Juni 2016 (dacks einfach Brexit-Referendum genannt), ugestouss, an deem 51,89 % vun de Wieler dofir gestëmmt hunn, dass hiert Land d'EU sollt verloossen. D'Premierministesch Theresa May huet den Austrëtt den 29. Mäerz 2017 formell initiéiert, andeems se dem Europäesche Conseil schrëftlech notifiéiert huet, datt hiert Land, geméiss dem Artikel 50 vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun d'EU an Euratom verloosse wéilt.

Domat huet automatesch eng zweejäreg Verhandlungsphase ugefaangen, déi 2019 op Wonsch vum Vereenegte Kinnekräich dräimol huet misse verlängert ginn: An enger Ried am Januar 2017 huet d'May en 12-Punkte Plang fir e Brexit ouni partiell oder assoziéiert Memberschaft vun der EU presentéiert; d'Vereeengt Kinnekräich sollt dowéinst den europäesche Bannemaart, d'Zollunioun an d'Juridictioun vum Europäesche Geriichtshaff verloossen. De 14. November 2018 sinn d'EU an déi brittesch Regierung sech iwwer en entspriechend Austrëttofkommes eens ginn. De Vott iwwert den Austrëttssaccord am britteschen House of Commons, deen den 11. Dezember 2018 virgesi war, gouf verréckelt, virun allem well vill Deputéiert géint déi sougenannt "Backstop"-Klausel waren, déi eng haart Grenz tëscht Irland an dem Vereenegte Kinnekräich verhënnere soll. Et gouf Noverhandlungen, ma bei dräi Ofstëmmungen, tëscht Januar a Mäerz 2019, huet allkéiers eng grouss Majoritéit géint den Accord gestëmmt. Fir ze verhënneren, dass d'Vereenegt Kinnekräich den 29. Mäerz 2019 vun engem Dag op deen aneren ouni iergend en Accord mat der EU do stéing, hu sech d'brittesch Regierung an den Europäesche Conseil zweemol drop gëeenegt, den Austrëttsdatum ze verréckelen, bei der zweeter Kéier op den 31. Oktober 2019. Dat huet zu der absurder Situatioun gefouert, datt d'Vereenegt Kinnekräich, well et weiderhi Member war, bei den Europawale huet misse matmaachen, bei där eng nei gegrënnt Brexit-Partei 30 % vun de Stëmme krut.

Am Juli 2019 huet d'Theresa May demissionéiert an de Boris Johnson gouf hiren Nofollger. De 17. Oktober hunn d'britesch Regierung an d'EU sech iwwer e neiverhandelten Accord gëeenegt, deen kee Backstop méi virgesinn huet. Well d'House of Commons, dat hätt sollen den 19. Oktober driwwer ofstëmmen, dëse Vott verréckelt huet, huet den Johnson nach eng Kéier ugefrot, den Austrëttsdatum no hannen ze verréckelen, woufir mam Europäesche Conseil den 28. Oktober eng Eenegung fonnt gouf, den Datum vum 31. Januar 2020 festzehalen.

Doropshin huet d'House of Commons fir den 12. Dezember 2019 fréizäiteg Neiwalen ausgeruff. Dobäi krut déi Konservativ Partei eng absolut Majoritéit vun de Parlamentssëtzer, an huet den 20. Dezember d'Gesetz gestëmmt, dat d'Regierung ermächtegt, den Austrëttsaccord z'ënnerschreiwen. Am Januar 2020 huet och d'Europäescht Parlament an den Europäesche Conseil d'Brexit-Ofkommes guttgeheescht, sou dass d'Vereengt Kinnekräich den 31. Januar 2020 um 23:00 UTC (Mëtternuecht CET) d'Europäesch Unioun an den EURATOM verlooss huet. Et ass awer, an enger Iwwergangsphas, bis Enn 2020 am EU Bannemaart an an der Zollunioun bliwwen.

Op de leschte Stëppel gouf den 30. Dezember 2020 dann och nach en Handels- a Kooperatiounsofkommes tëscht der Europäescher Unioun an dem Vereenegte Kinnekräich ënnerschriwwen, dat den 1. Januar 2021 provisoresch a Kraaft getrueden ass. Domat waren d'Modalitéite fir déi zukünfteg Relatioune festgehalen, och wann nach am Detail vill Sujete weider verhandelt hu misse ginn. Absënns d'Fro, wéi een nom britteschen Austrëtt aus dem Bannemaart an der Zollunioun déi wirtschaftlech Bezéiungen tëscht Groussbritannien an der Insel Irland, wou Nordirland en Deel vum Verenegte Kinnekräich ass, an d'Republik Irland en EU-Memberstaat, ouni dass eng siichtbar Grenz entstoe soll, reegele soll, huet fir vill Diskussioune gesuergt. Schlussendlech hunn d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an de brittesche Premierminister Rishi Sunak de 27. Februar 2023 de Windsor-Accord ënnerschriwwen, mat deem Nordirland fräien Handelszougang souwuel zum EU-Bannemaart wéi och dem brittesche Maart soll kréien, a mat deem dem nordiresche Parlament e Vetorecht géintiwwer neien EU-Reegelen zougestane soll ginn.

D'Wuert 'Brexit' änneren

"Brexit ass e Portemanteau-Wuert aus British an exit.