Donald Tusk

polnesche Politiker

Den Donald Franciszek Tusk ['dɔnalt fran't͡ɕiʃɛk tʊsk], gebuer den 22. Abrëll 1957 zu Gdańsk, ass e polnesche Politiker. Hie war vum 1. Dezember 2014 bis Enn November 2019 President vum Europäesche Conseil.

Donald Tusk
Donald Tusk (cropped).jpg
Gebuertsnumm Donald Franciszek Tusk
Gebuer 22. Abrëll 1957
Gdańsk
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Politiker, Historiker
Partei Biergerplattform, Europäesch Vollekspartei
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Donald Tusk huet 2002 déi liberal-konservativ Platforma Obywatelska (kuerz PO, lb. Biergerplattform) matgegrënnt a war bis 2014 hire President.

Ausserdeem war hie vun 2007 bis 2014 Ministerpresident vun der Republik Polen. Den 30. August 2014 gouf hie vun de Staats- a Regierungscheffe vun der EU als Nofollger vum Herman Van Rompuy zum President vum Europäesche Conseil ernannt.[1]

WierkerÄnneren

Hien ass ach Co-Editeur vun enger Serie Fotobicher Był sobie Gdańsk (Et war emol Gdańsk, ISBN 83-912807-9-9)

Um SpaweckÄnneren

Commons: Donald Tusk – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. [1] Die Welt 30.August 2014