De Begrëff Grexit ass e Portmanteau-Wuert aus dem Engleschen "Greece" resp. "Greek", an "exit", a bezeechent den Austrëtt vu Griicheland aus der Eurozon.

E gouf 2010 vum Ebrahim Rahbari, engem Direkter bei der Citigroup erfonnt,[1],[2] a gëtt zënterhir weltwäit an de Medien an an der Politik gebraucht, fir d'Méiglechkeet vu sou engem Austrëtt, an d'méiglech Vir- an Nodeeler dovun, ze diskutéieren.

Accessoirement gëtt och vu Grexident geschwat, fir en ongewollten Austrëtt ze benennen (vu "Grexit accident").

Hannergrond ass d'Griichesch Staatsscholdekris, déi zënter 2009 net méi an de Grëff ze kréien ass, an eng méiglech Staatsfaillite, déi doraus entstoe kéint (Stand: 2015-07-08), an domat d'Fro, wéi d'Economie vum Land nees kompetitiv gemaach kéint ginn, woubäi den Austrëtt aus dem Euro déi eenzeg Méiglechkeet wier, fir d'Währung ofzewäerten.

Referenzen änneren

  1. "SNB kann die Zinsen auf minus 5 Prozent senken" handelszeitung.ch, 2015-01-09.
  2. "‚Grexit‘ - Wer hat's erfunden?" blog.citifirst.com, 2015-03-06