De Javier Solana de Madariaga, gebuer de 14. Juli 1942 zu Madrid, ass e spuenesche Politiker.

Javier Solana
Gebuertsnumm Francisco Javier Solana de Madariaga
Gebuer 14. Juli 1942
Madrid
Nationalitéit Spuenien
Educatioun Universitéit vu Virginia
Aktivitéit Physiker, Diplomat, Politiker, Professer, Universitéitsprofesser
Partei Partido Socialista Obrero Español

Zanter 1999 ass hie Generalsekretär vum Conseil vun der Europäescher Unioun an Héije Vertrieder fir déi Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) vun der Europäescher Unioun. De 25. November 1999 gouf de Solana och nach Generalsekretär vun der Westeuropäescher Unioun (WEU).

Säi Liewen änneren

De Javier Solana gouf de 14. Juli 1942 zu Madrid gebuer. Säi Grousspapp war de bekannten Diplomat a Schrëftsteller Salvador de Madariaga. Vun 1959 bis 1963 huet hien op der Universitéit Complutense Madrid Physik studéiert. 1963 gouf e, well e sech an der Oppositiounsbeweegung géint den Diktator Francisco Franco engagéiert hat, vun der Uni gehäit, a goung duerno an Holland. Säi Studium huet en 1965 a Groussbritannien ofgeschloss; duerno huet e bis 1968 an den USA op der University of Virginia en Doktorat gemaach a bis 1971 do gefuerscht a Course gehalen. 1971 goung en hannescht a Spuenien, fir do Festkierperphysik z'enseignéieren.

1977, nom Enn vun der Franco-Diktatur, gouf e vun der Sozialistescher Aarbechterpartei Spuenien, vun där en zanter 1964 Member war, an d'Assemblée constituante delegéiert. Méi spéit war hien Deputéierten an an der Enseignantsgewerkschaft bannent der Unión General de Trabajadores aktiv.

1982 gouf de Solana Kulturminister an der Regierung vum Felipe González, 1988 gouf e Minister fir Wëssenschaft a Kultus an 1992 Ausseminister. Hie war och 3 Joer laang Porte-parole vun der spuenescher Regierung.

Den 30. November 1995 gouf de Solana zum NATO-Generalsekretär ernannt, an dëst, obwuel e Jore virdru géint eng NATO-Memberschaft vu Spuenie war.

Enn 1999 gouf de Solana Héije Vertrieder fir Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (kuerz „Monsieur PESC, respektiv „Mr. CFSP“ oder „Här GASP“). Gläichzäiteg gouf en och Generalsekretär vum Conseil vun der Europäescher Unioun.

Den 20. November 1999 gouf de Solana dann och nach vun der Westeuropäescher Unioun (WEU) zu där hirem Generalsekretär ernannt.

De 17. Mee 2007 huet de Javier Solana zu Oochen de Karlspräis iwwerreecht kritt.

De Solana ass bestuet a Papp vun 2 erwuessene Kanner.

Kuckt och änneren

Wikiquote: Javier Solana – Zitater

Um Spaweck änneren

Commons: Javier Solana – Biller, Videoen oder Audiodateien