Jüri Ratas

estesche Politiker

De Jüri Ratas, gebuer den 2. Juli 1978 zu Tallinn, ass en estesche Politiker.

Jüri Ratas
Gebuer 2. Juli 1978
Tallinn
Nationalitéit Estland
Educatioun Technesch Universitéit vun Tallinn,
Universitéit vun Tartu,
Tallinn Nõmme Gymnasium
Aktivitéit Politiker
Famill
Papp Rein Ratas
Mamm Urve Ratas

Karriär änneren

De Jüri Ratas huet Ekonomie an Droit studéiert. Ufanks huet hien an der Privatwirtschaft bei verschiddenen Entreprisë geschafft. 2000 gouf hie Member vun der Estescher Zentrumspartei (Eesti Keskerakond). Am Februar 2002 gouf hie Conseiller vum Edgar Savisaar, dem Buergermeeschter vun Tallinn an deemolege President vun der Zentrumspartei. Am Abrëll 2003 gouf de Ratas Maire-adjoint vun Tallinn, an am November 2005 gouf hien als Buergermeeschter gewielt (bis Mäerz 2007). Bei de Parlamanentswalen am Mäerz 2007 gouf hien als Deputéierten an de Riigikogu gewielt, an am Abrëll 2007 zum Vizepresident vum Parlament.

Am November 2016 gouf hien als dem Savisaar säin Nofollger zum President vun der Zentrumspartei gewielt. Nodeems dem Taavi Rõivas seng Regierungskoalitioun keng Majoritéit méi am Parlament fonnt huet, huet de Ratas eng nei Koalitioun aus Zentrumspartei, Sozialdemokraten an IRL zesummegesat. D'Koalitioun gouf den 23. November 2016, mat him als Premierminister, offiziell vereedegt.

No de Parlamentswale vum Mäerz 2019 gouf de Ratas de 17. Abrëll 2019 vum Parlament a sengem Amt confirméiert. Seng Regierung gouf vun enger Koalitioun vun der Zentrumspartei mat der Isamaa an der rietspopulistescher EKRE gedroen. D'Kaja Kallas vun der Reformpartei hat zwar déi meescht Stëmme kritt, krut awer keng Regierungskoalitioun zesummegestallt. Den 13. Januar 2021 ass de Ratas als Parteipresident a Premierminister zeréckgetrueden, fir d'politesch Responsabilitéit fir eng Korruptiounsaffär bei Regierungsmemberen z'iwwerhuelen.

De Jüri Ratas ass bestuet an huet 3 Kanner. Hien ass zanter 2012 President vun der estescher Basketballfederatioun.

Um Spaweck änneren

Commons: Jüri Ratas – Biller, Videoen oder Audiodateien