Traité iwwer d'Europäesch Unioun
Den Traité iwwer d'Europäesch Unioun (och bekannt als Vertrag vu Maastricht) gouf de 7. Februar 1992 zu Maastricht ënnerschriwwen. Et ass de Grëndungsakt vun der Europäescher Unioun, deen op dräi Sailen rout an den Ausgangspunkt duerstellt:

- fir d'Schafe vun enger gemeinsamer Aussen- an Sécherheetspolitik,
- fir d'Verstäerkung vun der Zesummenaarbecht um Niveau vun der Police an der Justiz,
- a schlussendlech fir d'Schafung vun enger Europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun, EWWU
Am Vertrag vu Maastricht sinn och Convergenzcritèrë festgeluecht ginn. Dat sinn d'Critèren, déi vun de Länner vun der Eurozon mussen agehale ginn, fir d'Stabilitéit vun der Europäescher Wärung, dem Euro, ze garantéieren.
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |